Rotorua

Den 24. März sinn ech a Richtung Südinsel gestart. Eier ech awer den 1. Abrëll mat der Fär op Picton an domat op d'Südinsel fueren, war ech op verschiddene Platzen op der Nordinsel ënnerwee.

Mäin 1. Stop war Rotorua. Rotorua ass eng kleng Stadt an där et andauernd no Schiefel richt (oder stenkt) well et eng ganz aktiv geothermesch Géigend ass. Iwerall kënnt Damp aus dem Buedem an de Bulli an d'Wasser blubberen.

Fir dei Sach vu mei no ze gesinn, war ech an den Wai-o-Tapu Thermal Park:

Champagne Pool

Devils Bath


Artist's Palette

Comments

Popular posts from this blog

South island: from Christchurch to Wellington

Wat gëtt et neits?

Neuseeland ABC