Posts

Showing posts from July, 2018

Long time no hear

Emmer nees gouf ech gefroot op ech mam Blog opgehaal hätt, well ech zanter Enn Abrëll näischt mei gepost hun. D'Äntwert ass ganz einfach: nee ech hun net opgehaal, mee ech war e bessi liddereg ginn. Ech hun den 30. Abrëll an der Auckland Grammar School ugefang mat schaffen an sinn zanterhir gut beschäftegt! Ech wärt an den nächsten Deeg en mei detaileierten Post online setzen an dem ech Iech iwert Auckland Grammar erzielen. Mee esouvill sief alt schons gesoot: et gefällt mer esou gut, dass ech mäin Openthalt hei an Néiseiland verlängeren! 

South island: from Christchurch to Wellington

Image
De läschten Deel vu menger Rees huet mech vun Christchurch op Wellington gefouert. Um Wee dohin sinn ech nach zu Kaikoura an zu Blenheim stoen bliwen. Kaikoura ass e klengt roueg Dierfchen direkt um Mier. Wat mir immens gut gefall huet ass, dass een souwuel d'Bierger (souguer mat e bessi Schnéi) gesäit an d'Mier. Zu Kaikoura kann een och mam Schëff op d'Mier eraus fueren fir Delphiner an Waler ze gesinn. Ech hun dëst awer net gemach well et immens deier war. En plus ass d'Chance fir e Wal ze gesinn am Abrëll éischter kleng an Delphiner hat ech jo schons zu Milford Sound gesinn. Dëst heescht awer net, dass ech keng Déieren gesinn hun. Zu Kaikoura leien d'Séileiwen nämlech iwerall!!!! Ech hat dat zwar a mengem Guide gelies, hat et awer net gegleeft. Wei ech moies gemitterlech lanscht d'Wasser getrëppelt sinn, hun ech dunn awer gemierkt, dass et tatsächlech wouer ass. Maten um Trëppelwee luch en stenkegen an richteg decken Séileiw ze schloofen. Ech ...