South island: from Christchurch to Wellington

De läschten Deel vu menger Rees huet mech vun Christchurch op Wellington gefouert. Um Wee dohin sinn ech nach zu Kaikoura an zu Blenheim stoen bliwen.



Kaikoura ass e klengt roueg Dierfchen direkt um Mier. Wat mir immens gut gefall huet ass, dass een souwuel d'Bierger (souguer mat e bessi Schnéi) gesäit an d'Mier.



Zu Kaikoura kann een och mam Schëff op d'Mier eraus fueren fir Delphiner an Waler ze gesinn. Ech hun dëst awer net gemach well et immens deier war. En plus ass d'Chance fir e Wal ze gesinn am Abrëll éischter kleng an Delphiner hat ech jo schons zu Milford Sound gesinn.
Dëst heescht awer net, dass ech keng Déieren gesinn hun. Zu Kaikoura leien d'Séileiwen nämlech iwerall!!!! Ech hat dat zwar a mengem Guide gelies, hat et awer net gegleeft. Wei ech moies gemitterlech lanscht d'Wasser getrëppelt sinn, hun ech dunn awer gemierkt, dass et tatsächlech wouer ass. Maten um Trëppelwee luch en stenkegen an richteg decken Séileiw ze schloofen. Ech hun e groussen Bou ronderem en gemach well se hun et net gär wann se gesteiert ginn. 
Eng chineseg Touristin hat awer gemengt se mist e Selfie direkt niervt em machen. Dat huet dem Séileiw awer net gefall an en huet no der Madam geschnappt eier en hir no geroppt ass. Ech war impressioneiert wei séier dei Déieren sinn!

Ech hat Zäit eng Foto ze machen eier en gestéiert gouf!

No Kaikoura stung nëmmen nach eppes op mengem Programm: Wäin schmachen!
D'Geigend vun Marlborough ass bekannt fir hir Wäinproduktioun an et kéint een baal mengen et wär een an der Rioja oder an der Bourgogne ënnerwee. 



Ënnert anerem sinn ech an der Kellerei vun Wither Hills stoen bliwen. Dëst ass eng vun de gréissten Kellerein aus dem Land. Dei mei kleng Kellereien hun leider nëmmen op RDV op. Well ech awer keen genauen Plang hat, hun ech neierens en RDV gemach a sinn an dei Kellereien gang dei ëmmer op hun.
Wei ech amgang war bei Wither Hills de Wäin ze schmachen hun ech den Pilz an der Receptioun stoen gesinn. Ech duecht am Ufank et geif sech em een vun senge Cousinen handelen, mee ganz séier hun ech miste feststellen dass et MÄIN Pliz war!!! Während der Visite vun der Kellerei ass hien aus menger Posch gesprong fir selwer e bessi duerch de Wäinkeller ze spazéieren. Eng gut Séil huet hien dun do fonnt an en an der Receptioun oofginn. Et war natiirlech immens penibel fir mech wei ech en sichen gang sinn, well en war gut voll (en hat net nëmmen gekuckt mee och geschmacht!). Nodems ech en gut vernannt hat hun mer dun awer nach eng Foto gemach:


De Pliz ass also weider mat mir ënnerwee, och wann hien näischt geint e Liewen an enger Kellerei gehaat hätt!

Zum Schluss dann awer och nach e Wuert zu Wellington: Wellington ass d'Haaptstadt vun Néiseiland. Et ass keng besonneg grouss Stadt an et kënnt een gut zu Fouss iwerall hin (mee et geht heinsdo zolitt biergop!).
Duerch d'ganz Stadt stin Statuen an aner artistesch Wierker. Dëst huet mir gut gefall well et mecht d'Stadt mei interessant.







Sollt et mol reenen, kitt een d'Zäit ganz gut am Te Papa Musée erem. Dëse Musée ass gratis an huet ganz intressant Ausstellungen iwert d'Maori Kultur, d'Roll vun Néiseiland am 1. an 2. Weltkrich, an Ärdbiewen an Vulkanausbrëch an Néiseiland.



Eng aner flott Aktiviteit ass fir mam Cabel Car, deen et zanter iwert 100 Joër gëtt, ze fueren an an de Cabel Car Museum ze goen.





No Wellington sinn ech zereck op Auckland gefuer. Meng 4 Wochen sinn ganz séier em gang an ech hun nach lang net alles gesinn! Wat ech awer elo schons ganz sëcher kann soen ass, dass ech net entäuscht gouf! Meng Rees war super an ech freen mech schon op dei nächst!








Comments

Popular posts from this blog

Wat gëtt et neits?

Neuseeland ABC