Neuseeland ABC
Am ABC probéieren ech vun deenen Sachen ze schwätzen déi anescht sinn wei doheem, déi et doheem guer net gëtt oder déi hei anescht heeschen.
A wéi...
Alkohol: Den Dronkaard an mir ass ëmmer nees verwonnert iwert d'Regelen dei et hei gëtt wann et em Alkohol geht. Am supermarché kann nëmmen eng Persoun den Accord ginn fir den Alkohol ze verkaafen. Den Caisier dreckt dofir op eng Schell, dann kënnt eng Persoun a kuckt op ech a) aal genuch sinn an b) den Alkohol net fir eng Persoun ënnert 18 Joer kaafen. Fir mech heescht dat, dass ech all Kéiers mäin pass muss weisen (meng Carte d'identité gëtt net acceptéiert) well ech ausgesinn wei wann ech manner wei 24 Joer hun. D'Regel seet dass all Persoun dei ausgesäit wei wann se manner wei 24 Joer huet muss eng valabel Pièce d'identité weisen fir den Alkohol kënnen ze kaafen. Eng Ausnahm machen se net!
Hätt ech Kanner, mist ech se am Auto loosen wann ech Alkohol kaafen. Firwat? Wann een Kanner bei sëch huet, besonneg Jugendlecher, dann muss een beweisen dass een den Alkohol fir sech an net fir d'Kanner keeft. Wann een dat net kann beweisen 8wat un sech ëmmer de Fall ass) kritt een den Alkohol net mat...true story!
Alkohol därf net an der Öffentlechkeet gedronk ginn an ganz oft fënnt een e Schëld fir een drun ze erënneren (ëmmer genau do wou ech denken "ei an elo nach e Glas Wäin an alles ass perfekt")
Alkohol fir Sylvester (an der Stadt/op der Stroos), bei Coursen oder sos op enger Manifestatioun gëtt et nie.
Ween elo mengt dass dës streng Regelen hëllefen dass d'Leit manner drenken, läit falsch! Soubaal se kënnen, drenken se bis et net mei geht an dat an all Alterskategorie. Gemitterlech e puer Béier oder een oder zwee Glieser Wäin oder eng Kippchen drenken, kennen se hei net. Wann dann gëtt gedronk bis all d'Fläschen eidel sinn. Hir Regelen déngen also nëmmen dozou fir d'Sach a Grenzen ze haalen.
Ech fir mäin Deel freen mech schons drop fir doheem mat iech all eng Kippchen ze drenken an dat do wou et eis grad passt! ;-)
Amazon: Amazon gëtt et (baal) net an Neiséiland. Wann, dann kann een et bei Frënn an Australien liwweren loosen an dei schecken et dann mat der Post weider. Mee dat ass zimlech deier. Eng Alternativ gëtt et och net.
Autobunn: Et gëtt baal keng Autobunn hei! Autobunnen esou wei mir se kénnen gëtt et schon guer keng. De gros vun der Zäit viirt een op enger Zweespureger Stroos an d'Vitesse ass op 100 limitéiert. Ech kennen nëmmen eng Plaatz am ganze Land wou een op 30km kann mat 110 fueren.
Avocado: Se wuessen hei an all zweetem Gaart an wann een de Bësetzer vum Gaart fein freet dann kritt een der esouvill wei een der wëll! Am Buttek kaschten se engem d'Aen aus dem Kapp, dofir geheieren zu den sachen dei am meeschten geklaut ginn (am Butek an op de Felder)
B wéi...
Bus: Ech schwätzen vum Bus an Auckland. Et gëtt der! Se sinn iwerall! Mee se sinn (wei och doheem!?) net ëmmer efficace an och net ëmmer zur Zäit. Am Wanter sinn se fiicht an steckeg an am Summer eiskaal! En richtegen Frënn vum bus wärt ech wuel nie ginn.
C wéi...
Countdown: Ass ee vun den 3 bekanntesten Supermarchéen hei. De Countdown ass all Dag op. Dei meescht sinn all Dag op vun 7 Moies bis 10 Owes. E puer hun der awer och all Dag bis Mëtternuecht op. Hei meckert och keng Gewerkschaft oder sos een iwert d'Öffnungszäiten: d'Leit sinn frou eng Arbescht ze hun a Suen ze verdengen.
D wéi...
E wéi...
Elektrësch Leindicher: Ech duecht ëmmer dat wär eppes wat ech nie am Liewen geif benotzen. Mee mat der schlechter Isolatioun hei an der Absence vun enger anstänneger Heizung, hun ech ganz séier geléiert dass et e richtegen Genoss ass owes an e waarmt Bett ze klammen!!!
F wéi...
Frëndlech: Dur hut et vläit schon heieren oder glies: d'Neuseelänner sinn frëndlech an dat baal ouni Ausnahm. Egal wou ech sinn, et ass ëmmer een do deen mer hëlleft, wann ech Hëllef brauch. Mee och wann een zum Beispill op säin Kaffi wart oder an der Schlang am Skilift steht, ass ëmmer een do deen e Gespreich ufänkt an jidereen ronderem schwätzt kuerz mat eier mer dann all an eng aner Direktioun ginn. An et schengt wei wann och d'Auslänner, dei hei wunnen, dei Frëndlechkeet ganz schnell iwerhuelen. Dëst mëcht et immens agreabel fir hei ze wunnen.
Feijoa: En Uebst wat hei wiist an d'Leit sinn verreckt durno. Ech fir mäin Deel fannen d'Feijoaen net extra gut an muss och keng hun.
G wéi...
Gervais: Et gëtt keen hei! Dei eenzeg Ausnahm: d'Maison Vauron, eng franséich Epicerie dei mer dann 10NZD fir e petit Gervais freet. Dann warden ech leiwer bis ech doheem sinn!
Glace: Glace geheiert a mengen Aen zu den typeschen Iesswueren aus Neiséiland. Hei iessen se andauernd Glace egal wei warm oder kaal et ass! Se verkaafen souguer Glace an der Schoul.
Great Walk: E Great walk ass GREAT!!!! Et ginn der de Moment 9 am ganzen Land. Se sinn tëschent 43 an 82km lang an et brauch een 2 bis 4 Deeg fir se ze trëppelen. Geschloof gëtt an engem Zelt oder an enger Hütt (am Summer gëtt et Gas, Reenwasser an eng Toilette an den Hütten, am Wanter muss een selwer kucken eenz ze ginn). Ech hun schon een Great Walk gemach an machen ganz sëcher nach een oder zwee eier ech heem kommen.
H wéi...
H&M: H&M ass hei eppes ganz rares. Ech wees vun 2 Butteker zu Auckland a vun engem zu Christchurch. Wann e Buttek obgeet, dann gëtt dat hei grouss gefeiert. Mir kënnt dat natirlech komplett iwerdriwen viir, well et bei eis doheem en H&M ob all Eck gëtt.
I wéi...
Ikea: En Ikea gëtt et net! Wann een awer onbendenkt eppes vum Ikea wëll hun, da kann een an den Swedish Furniture Shop akaafen goen. Hei kritt een dann d'Ikea Miwwelen fir e ganz stolzen Präis. Als klengt Beispill: e wäissen Kallax mat 8 Casen kascht doheem 60 Euro. Hei an Neiséiland mist ech 160 Euro dofir bezuelen. Wann een hei also Ikea Miwwelen huet, dann ass een quelqu'un!
Isolatioun: Et gëtt keng Isolatioun. Oder komm mer soen et gëtt baal keng Isolatioun! Iwerall zitt et an wann een d'Heizung ausmecht ass et och no 5 Minutten nees gut kaal am Raum. D'Fensteren bestinn aus 1 Scheif Glas a wann een erzielt doheem wären mer elo bei Triple Vitrage ukomm dann kucken se een ganz grouss. Se gesinn och keen Sënn an Zweck dran hir Häiser ordentlech ze isoleieren, well hirer Meenung no brengt et näischt an et kascht just Geld.
J wéi...
Jandals: Dat ass d'Wuert fir Flipflopen hei. Et ass den nationalen Schong an jidereen huet der an huet se och dauernd un (ausser fir schaffen ze goen) Ob Summer oder Wanter, d'Leit hun Jandals un.
K wéi...
Kiwi: D'Wuert "Kiwi" huet hei e puer Bedeitungen:
-eng Persoun mat der neuseelännescher Nationalitéit
- eng Fruucht
- e Villchen deen net fléien kann, nëmmen Nuets ënnerwee ass an d'Leit färt...an grad deen ass hieren Nationalvillchen!
-eng Persoun mat der neuseelännescher Nationalitéit
- eng Fruucht
- e Villchen deen net fléien kann, nëmmen Nuets ënnerwee ass an d'Leit färt...an grad deen ass hieren Nationalvillchen!
Kleder: Vill Leit hun mengen ech ausser engem Short an engem T-shirt näischt am Schaaf. Esou schengt et mer ob mannst emol. Dobäi brauch een hei un sëch an engem Dag Kleeder fir all Joereszäit!
L wei...
M wei...
N wei...
O wei...
P wei...
Plage: Plagen ginn et der mei wéi genuch hei. Ech perséinlech fannen dat super an ech wees elo schons dass ech d'Plage ganz vill wärt vermëssen wann ech nees doheem sinn.
Police: D'Police schengt mer hei vill mei présent ze sinn wei zu Lëtzebuerg. D'Vitesse gëtt iwerall an andauernd kontrolléiert an och sos fueren vill Policeauten ronderem.
Post: Och wann et oft lang dauert, freen ech mech iwert all Bréif an all Kaart dei ukënnt. Wann der mer also wëllt schreiwen, hei ass meng Adress:
8 Barnett Crescent
Epsom
Auckland 1023
New Zealand
Post: Och wann et oft lang dauert, freen ech mech iwert all Bréif an all Kaart dei ukënnt. Wann der mer also wëllt schreiwen, hei ass meng Adress:
8 Barnett Crescent
Epsom
Auckland 1023
New Zealand
Q wei...
R wei...
Recycling: Recycling ass hei nach gaaaaaaaanz wäit fort vun deem wat mir doheem "Recycling" nénnen. Hei gëtt et zwar eng Recycling Dreckskëscht, mee an dei kann een alles geheien: Pobeier, Glas a Plastik. A menger Schoul awer gëtt et keng esou Dréckskëscht, dofir gëtt do och näischt getrennt. Et gëtt vill gemach fir dass d'Leit mei bewosst recyclen, mee et ass nach e laangen Wee bis se do ukomm sinn wou mir elo dru sinn.
Reen: An Neiséiland reent et anescht wei zu Lëtzebuerg. Hei ass et seelen dass et vun moies bis owes riicht duerch reent, obwuel ech dat zwar och schon haat, mee dei Deeg sinn awer ganz rare. Wat ech awer baal all Dag hun ass eng plötzlech Schauer. Et dauert nie lang an durno kënnt d'Sonn och nees eraus, mee et geht duer fir gut naas ze sinn wann een net séier genuch ennerdag kënnt. Wann et reent, dann reent et richteg. Nix Fisemreen, mee eischter wei wann een ënnert enger Douche steht. Et gëtt een plätschnaas an dat an Sekonnen.
Rugby: Rugby ass den Nationalsport hei. Et ass wei mam Fussball doheem. Ech ginn mäin Bescht fir d'Regelen all ze verstoen an och ob mannst ze wëssen weieng Equipe am CHampionnat déi éischt ass, mee et ass net einfach.
Rugby: Rugby ass den Nationalsport hei. Et ass wei mam Fussball doheem. Ech ginn mäin Bescht fir d'Regelen all ze verstoen an och ob mannst ze wëssen weieng Equipe am CHampionnat déi éischt ass, mee et ass net einfach.
S wei...
Saison: Dat Wichtegsten als éischt: Hei sinn d'Saisonen emgedreint wei doheem. Dat heescht am Dezember ass hei Summer an am August ass hei Wanter.
Hei sinn d'Saisonen och e bessi anescht wei doheem. De Wanter ass mëll a gläicht eisem Hierscht, en dauert och nëmme knaps 4 Méint (dat ass mol meng Impressioun). D'Freijoër ass d'selwecht wei doheem mee dauert mei lang. De Summer ass mei waarm wei eisen Summer. En richtegen Hierscht, mat Blieder dei vun de Beem faalen, hunn sie hei net. Et gëtt dofir net kaal genuch.
Hei sinn d'Saisonen och e bessi anescht wei doheem. De Wanter ass mëll a gläicht eisem Hierscht, en dauert och nëmme knaps 4 Méint (dat ass mol meng Impressioun). D'Freijoër ass d'selwecht wei doheem mee dauert mei lang. De Summer ass mei waarm wei eisen Summer. En richtegen Hierscht, mat Blieder dei vun de Beem faalen, hunn sie hei net. Et gëtt dofir net kaal genuch.
Schoof: Et ginn der wierklech vill. A wann der Kleeder vun Icebreaker hut dann kann ech iech soen ob weienger Wiss d'Woll vun äre Kleeder ze frësst! Esou wei doheem mol e Schëld an enger Wiss steht fir ze weisen dass et sëch em Biohaltung oder sos eppes handelt, esou steht hei e Schëld an der Wiss wat seet dass deenen Schoof hir Woll fir Icebreaker Kleeder benotzt gëtt.
Solden: Hei sinn baal ëmmer Solden an se sinn dowärt! Contrairement zu doheem, gëtt et hei wierklech 50%-70% an dat ob ALLES an et ass och genuch an ALL Gréisst do! Do mecht shopping richteg Spass!
T wei...
TVNZ: Dat ass den RTL vun Neiséiland. D'Tëlé-Programmer sinn hei net vill besser wei dat wat mir doheem hun. Hei leeft "The Bachelor NZ" an "Master Chef Australia" an "The Big Bake off" an "The Chase"...also guer näischt Neies oder Extraes!
Te Reo Māori: Ech ginn mer vill Méih fir Te Reo ze léieren, mee et ass wierklech net einfach. Hei awer dei Sachen dei ech wees:
Kai: iessen (dat ass ëmmer gut ze wëssen)
Aroha: Léift (net ganz nëtzlech mee ech wees et awer)
Kia ora: Moien!
Tēnā koutou: Bonjour alleguerten (formel, wann et mei wei 3 Leit sinn)
Haere Mai: Wëllkomm
Haere rā: Äddi (seet dei Persoun wou bleift)
E noho rā: Äddi (seet dei Persoun dei geht)
Mōrena: De Moien
Iwi: Natioun (am moderne gebrauch bedeit et awer och d'Famill)
Kai: iessen (dat ass ëmmer gut ze wëssen)
Aroha: Léift (net ganz nëtzlech mee ech wees et awer)
Kia ora: Moien!
Tēnā koutou: Bonjour alleguerten (formel, wann et mei wei 3 Leit sinn)
Haere Mai: Wëllkomm
Haere rā: Äddi (seet dei Persoun wou bleift)
E noho rā: Äddi (seet dei Persoun dei geht)
Mōrena: De Moien
Iwi: Natioun (am moderne gebrauch bedeit et awer och d'Famill)
U wei...
Uniform: Hei an de Schoulen hun d'Schüler eng Uniform un. Wann ech kéint géif ech dat doheem och direkt afeieren. Et gesäit einfach super aus an et huet een nie Diskussiounen well e Schüler schlecht ugedoen ass. Dat eenzegt wat ech hei muss machen, ass heinsdo engem Schüler soen e mist seng Strëmp erobzéihen.
D'Proffen hun zwar keng Uniform, mee et gëtt awer en Dresscode, och dat fannen ech eng ganz gut Sach!
D'Proffen hun zwar keng Uniform, mee et gëtt awer en Dresscode, och dat fannen ech eng ganz gut Sach!
V wei...
W wei...
X wei...
Y wei...
Z wei...
Zuch: Hei gëtt et keen Zuch esou wei mir dat doheem kénnen. Et gëtt nëmmen 3 Touristenlinnen, dei ganz gemitterlech duerch schéin Landschaften fueren. Wann een nëmmen vun A ob B wëll kommen dann hëllt een den Auto oder de Fliger.
Comments
Post a Comment