Posts

Showing posts from February, 2018

Coromandel Peninsula

Image
De Weekend war ech fir 2 Deeg op d'Coromandel Peninsula. Do gëtt et esouvill ze gesinn, dass ech ganz sëcher nach eng Kéier zereck dohin ginn.  Dës Kéier sinn ech vun Auckland aus richtung Süden gefuer. Et gëtt awer och eng Fär, mat där ech direkt vun Auckland aus kann op Coromandel Town fueren. Dëst ass praktesch well ech dann net fir d'éischt muss 100km duerch de Bësch fueren fir eppes ze gesinn. Karangahake Gorge Historic Walkway Dës Kéier sinn ech awer mam Auto gefuer an sinn bei aal Minen gefuer an deenen se virun Joeren no Gold gesicht hunn. Haut ass et en flotten Trëppeltour, deen duerch en Deel vun de Minnen feiert. Een dee mech kénnt, wees dass ech un sëch weder an en Tunnel a scho guer net an eng Minn eraginn! Um Trëppeltour war en Tunnel an deen ech net eragang sinn, mee lanscht Minnen koum ech net well ech onbendengt d'Vue vun der anerer Säit wollt gesinn a well ech schon 10km hannert mer hat (ech wollt jo net duerch den Tunnel also hun ech misten ronder...

Piha Beach an Emgeigend

Image
Virun e puer Wochen, wei et mol eng Kéier net gereent huet, sinn ech op Piha Beach gefuer. Iwerall hun ech gelies, dass et do extra schéin soll sinn. En plus wär d'Plage impressionant weint dem schwarzen Sand. Ech perseinlech hun d'Plage net immens fonnt. Dat luch vläit och dorun, dass et dee Moment wei ech do war wolekeg war. An der Mëtt vun der Plage steht den Lion Rock, deen wei den Numm et schonn seet wei en Leiw ausgesäit...ech sichen deen nach... Piha Beach mam Lion Rock E klengen Trëppelwee vun 1 Stonn direkt niervt der Plage huet mir awer immens gut gefall. Et ass duerch de Bësch bis bei en wierklech schéinen an impressionanten Waasserfall gang (Kitekite Waterfall). Durno sinn ech nach op Karekare Beach gefuer well do en Deel vum Film "The Piano" gedréint gouf. Dës Plage huet mir immens gut gefall! D'Wasser war immens wëll, mee dat war guer net schlëmm an huet einfach nëmme gepasst. Fir dei wou de Film kénnen/gesinn hun: e Pi...