Piha Beach an Emgeigend

Virun e puer Wochen, wei et mol eng Kéier net gereent huet, sinn ech op Piha Beach gefuer. Iwerall hun ech gelies, dass et do extra schéin soll sinn. En plus wär d'Plage impressionant weint dem schwarzen Sand. Ech perseinlech hun d'Plage net immens fonnt. Dat luch vläit och dorun, dass et dee Moment wei ech do war wolekeg war. An der Mëtt vun der Plage steht den Lion Rock, deen wei den Numm et schonn seet wei en Leiw ausgesäit...ech sichen deen nach...

Piha Beach mam Lion Rock



E klengen Trëppelwee vun 1 Stonn direkt niervt der Plage huet mir awer immens gut gefall. Et ass duerch de Bësch bis bei en wierklech schéinen an impressionanten Waasserfall gang (Kitekite Waterfall).









Durno sinn ech nach op Karekare Beach gefuer well do en Deel vum Film "The Piano" gedréint gouf. Dës Plage huet mir immens gut gefall! D'Wasser war immens wëll, mee dat war guer net schlëmm an huet einfach nëmme gepasst. Fir dei wou de Film kénnen/gesinn hun: e Piano iwerlieft keen Dag do ;-)
Och hei gouf et de schwarzen Sand an dee gëtt nawell warm wann d'Sonn drop schengt...





Comments

Popular posts from this blog

South island: from Christchurch to Wellington

Wat gëtt et neits?

Neuseeland ABC