Coromandel Peninsula
De Weekend war ech fir 2 Deeg op d'Coromandel Peninsula. Do gëtt et esouvill ze gesinn, dass ech ganz sëcher nach eng Kéier zereck dohin ginn.
Dës Kéier sinn ech vun Auckland aus richtung Süden gefuer. Et gëtt awer och eng Fär, mat där ech direkt vun Auckland aus kann op Coromandel Town fueren. Dëst ass praktesch well ech dann net fir d'éischt muss 100km duerch de Bësch fueren fir eppes ze gesinn.
Karangahake Gorge Historic Walkway
Dës Kéier sinn ech awer mam Auto gefuer an sinn bei aal Minen gefuer an deenen se virun Joeren no Gold gesicht hunn. Haut ass et en flotten Trëppeltour, deen duerch en Deel vun de Minnen feiert. Een dee mech kénnt, wees dass ech un sëch weder an en Tunnel a scho guer net an eng Minn eraginn! Um Trëppeltour war en Tunnel an deen ech net eragang sinn, mee lanscht Minnen koum ech net well ech onbendengt d'Vue vun der anerer Säit wollt gesinn a well ech schon 10km hannert mer hat (ech wollt jo net duerch den Tunnel also hun ech misten ronderem trëppelen waat viiiiiiil mei lang war) hun ech mech dun zesummengerappt a sinn schnell doduerch gelaaf ;-)
Nirvt de Minnen kënnt een och nach bei 2 Wasserfäll dei einfach nëmmen schéin waren:
E gudden Deel vum Trëppeltour huet mech un d'Ruta del Cares erënnert, dei ech am Summer am Norde vu Spuenien getrëppelt sinn. D'Hängebrécken hun all immens gewackelt wei ech driwer gang sinn, mee dat huet mech weider net gestéiert.
Paunui Beach
No engem sportlëchen Moien, sinn ech weider gefuer op dei östlech Küst vun der Hallefinsel gefuer. Well et immens warm war, sinn direkt richtung Hotel gefuer an hu mech zu Paunui op d'Plage geluecht.
Hot Water Beach
No enger ganz gudder Nuecht sinn ech weider op d'Hot Water Beach gefuer. Op zwou bestëmmten Platzen vun dëser Plage kann een sëch eng Bidden buddelen an an warmem Wasser leien. Et handelt sëch hei em warm Quellen, dei vun de Gasen vun nach ganz gliddeg Steng dei nëmmen 2km ënnert dem Buedem leien an vun engem Vulkanausbroch vun virun 5-9 Milliounen Joeren stamen, gewiermt ginn. Mir perseinlech war d'Wasser vill ze warm an ech hun mech dofir a keng Bidden geluecht. Ech ginn awer gär am wanter zereck, wann et net grad 30 Grad an der Sonn sinn. A mengen Aen deet eng warmen Bidden op der Plage dann besser ;-)
Cathedral Cove
D'haapt Attraktioun an d¨ser Géigend vun der Insel ass Cathedral Cove. En Tunnel, deen d'Wellen geformt hunn. Leider waren bei der Cathdral Cove ganz vill Leit. Dat hëllt der Sach e bessi hieren Charme. Dofir wëll ech och heihin am Wanter zereck kommen an der Hoffnung dass dann e bessi manner Leit hei sinn. Ech hun en Tour op engem Schëff dohin gemach an hun dofir nach e puer aner flott Platzen gesinn.
Cathedral Cove
Coromandel Town
Um Wee zereck op Auckland sinn ech nach kuerz zu Coromandel Town stoen bliwen. Hei hun se de gros vun den aalen Häiser erhaalen.
Waiau Falls
Vun Coromandel Town sinn ech lanscht d'Westküst zereck op Auckland gefuer. Dës Stroos ass vill mei schéin wei dei vun der Ostküst well se Kilometeren lanscht d'Mier geht. D'Stroos lanscht d'Ostküst läit an de Bierger an ass voller Kéieren. Hei hun ech dun och nach e wonnerschéinen Sonnenënnergang gesinn.
PS:
De Pilz a säin klengen Brudder waren och mat on Tour. Sie un sëch ganz gut beholl a schécken e schéine Bonjour heem bei hier Cousinen.
Comments
Post a Comment