South island: from Dunedin to Christchurch

Vun Dunedin op Christchurch gouf et vill ze kucken an ech sinn oft stoen bliwen well ech emmer nees impressioneiert war vun der Plage an dem wëllen Mier. Ech kéint Stonnen op enger Plage setzen an de Wellen nokucken.



Op mengem Wee sinn ech och zu Moreaki stoen bliwen. Hei leien op der Plage deck Ronn Kugelen dei "Boulders" genannt ginn. Et geht een dovun aus, dass dës Kugelen virun ongefeier 4 Milliounen Joeren entstaan sinn. Analysen hu gewissen dass d'Kugelen aus Lehm a Bulli bestinn dei duerch Kalzit zementeiert sinn.
Wei ech um Wee fir bei d'Boulders war koumen mer lauter Leit mat naasen Boxen entgeint an ech hu mech gewonnert wei se dat gemach hun. Op der Plage hun ech dun séier eng Äntwert kritt: bei Flut kënnt d'Wasser bis bei de Fiels. Wann een also net oppasst gëtt een ganz séier vun enger Well erwëscht. Mat e bessi Gescheck packt een et awer och drëchen ze bleiwen!





Dem Pilz hun d'Boulders och gut gefall well een kann drop kloteren.


Oamaru
No de Moreaki Boulders sinn ech zu Oamaru stoen bliwen. Ganz vill ass net do lass, mee et ass eng agreabel Platz fir eng kleng Paus ze machen, d'Mier mol nees eng Kéier ze kucken an eng Taas Kaffi ze drenken.


Och de Steampunk ass hei ganz presänt. Ech konnt domat awer net vill ufänken.




Zu Oamaru soll et souwuel den ganz raren Yellow Eyed Penguin wei och de Little Blue Penguin ginn. Dës Pinguinen kommen am freien Owend u Land. Dofir hun ech se net gesinn well ech awer am Nomëtten do. Ech hun dofir awer stenkeg Séibieren gesinn.


Och zu Oamaru hun se dofir gesuergt, dass dei mei aal Gebeier gut erhaal bleiwen. Dunedin an Oamaru sinn dei zwou eenzeg Platzen wou ech gut erhaalen Gebeier gesinn hun. Dëst huet menger Meenung no 2 Grënn: 
1. Neiséiland ass nach net aal genuch fir ganz vill aal a schéin Gebeier ze hun.
2. Duerch d'Ärdbiewen an dëser Geigend fueren vill aal Gebeier futti a ginn oofgerappt an duerch modern Gebeier ersaat.





Christchurch

Christchurch war bestëmmt eng Kéier eng wonnerschéin Stadt mat villen aalen Gebeier. Leider ass dovun haut awer naischt mei ze gesinn. D'Ärdbiewen am Februar 2011 huet baal all dei aal Gebeier futi gemach an d'Stadt ass nach lang net färdeg domat nees alles opzebauen.
Dei meeschte Gebeier sinn entweder während dem Ärdbiewen zesummegefall oder goufen esou stark beschiedegt, dass se kuerz drop oofgerappt goufen. Nëmmen e Panneau weist engem wei et eng Kéier ausgesinn huet. 


Den Stadtzentrum ass doweinst och ganz flach an et fënnt een ee Chantier niervt dem Aneren. Gebeier dei vläit nach kënne gerett ginn ginn mat decken Eisenkonstruktiounen gestäibt. 



Fir d'Stadt awer iergentwei attraktiv fir Touristen ze haalen, gouf den Trajet vum Tram ganz séier nom Ärdbiewen gefleckt. 



En plus, goufen Kënschtler gefroot fir Konschwierker op verschidde Mauren ze molen oder eng Skulptur ze entwerfen fir dass d'Stadt e bessi mei farweg gëtt.






Et dauert awer mengen ech nach ganz lang bis Christchurch nees ganz opgebaut ass an och nees vill Leit unzitt.








Comments

Popular posts from this blog

South island: from Christchurch to Wellington

Wat gëtt et neits?

Neuseeland ABC