South island: from Mildorf Sound to Dunedin
Um Wee bis op Dunedin gouf et net esouvill ze gesinn. Ech war zimlech mid an dofir hat ech keng gréisser Wanderung ageplangt.
Dat eenzegt wat ech mer ukucken war, war den Nugget Point well do huet een nëmmen 5 Minutte misten trëppelen (ech hat deen Dag wierklech guer keng Loscht vill ze trëppelen). Den Nugget Point ass näischt weider wei e puer Fielsen dei aus dem Mier kucken. Well se ausgesinn wei d'Goldnuggets dei an dëser Géigend fonnt goufen heescht et Nugget Point. Anscheinend wunnen hei ganz vill Séibieren (se gesinn a mengen aen baal genau esou aus wei Séileiwen) a Pinguinen. Ech hun där awer keng gesinn.
Op mengem Wee zereck bei den Auto huet et zur Oofwieslung mol nees eng Kéier gereent. Dofir hat ech durno nees e schéinen Reebou fir ze knipsen.
Dunedin
Dunedin ass dei 7. gréisste Stadt an Neuseeland an huet e puer ganz schéin Gebeier déi um Enn vum 19 Joerhonnert an um Ufank vum 20. Joerhonnert gebaut goufen.
Besonneg gut huet mir d'Gare gefall. Et gesäit een, dass hei vill Wärt drop geluecht gëtt dës Gare a guddem Zoustand ze erhaalen.
Zu Dunedin fënnt een dann och d'Baldwin Street: dei geisten Stroos vun der Welt mat enger Niegung vun 19,3 Grad. Well d'Stroos knapps 350m huet sinn ech natirlech bis ganz erop getrëppelt.
Besonneg wann een d'Häiser knipst fällt engem op wei gei d'Stroos ass.
Een Haus hat dann och eng ganz speziell gemolten Bréifboîte. Et huet no Hänsel und Gretel ausgesinn awer op eng mei makaber Art a Weis...
De Pilz war iwregens och mat an der Baldwin Street ënnerwee. Leider konnt ech hien awer net knipsen. Wei mir uewen ukomm sinn, huet hien sëch d'Stroos eroof rulle geloos an ech hun him dun misten noolaafen fir en nees ze bremsen...ech mengen e chinesegen Tourist huet dovun eng Foto mee ech hun hun en awer net gefroot op en mer se kéint schecken...
Nodems ech a mengen Aen, no 2 Stonnen, alles gesinn hat wat d'Stadt ze bidden huet, sinn ech weider op Christchurch gefuer.
Comments
Post a Comment