South island: from Queenstown to Milford Sound

Vun Wanaka sinn ech op Queenstown gefuer. De Wee dohin war net weider spektakulär: et huet riicht era gereent an et ass iwert gefillt 1000 Kéieren de Bierg erop an dun nees de Bierg eroof gang.

Zu Queenstown war d'Wieder awer besser an ech hun et richteg flott do fonnt. Queenstwon läit um Lake Wakatipu. D'wasser vum Séi ass richteg schéin hell blo an ganz kloer. An baal vun iwerall gesäit een op de Séi an op d'Bierger.



Ech hu mech direkt an dei Vue verléift an ginn ganz sëcher nach eng Kéier op Queenstown!
Wei zu Wanaka gëtt engem hei ganz vill gebueden. Ech hun awer guer net vill gemach ausser d'Vue genoss, well ech mech vu mengem Muskelkater erholl hun.

Zu Queenstown hun ech dun och den éischten Schnei fir dëst joer gesinn. Wei ech ukoum war et schéin an drechen awer kaal. An der Nuecht ass et dun richteg kaal ginn an wei ech moies opgestaan sinn waren d'Spëtzen vun de Bierger wäiss.



Wei schons gesoot, war ech éischter inaktiv, zu Queenstown. Ech sinn nëmmen e bessi spazéieren gang an hun d'Vue genoss. Fir d'Bierger nach besser ze gesinn, sinn ech och mat der Gondel gefuer.


Kuerz hannert Queenstown fënnt een dann den Diamond Lake an e klengt Dierfchen wat Paradise heescht.




An de Pilz?
De Pilz a säin klengen Brudder hun Queenstown och ganz flott fonnt. Wei mer mat der Gondel gefuer sinn konnten se net roueg sëtze bleiwen an se sinn duerch d'Gondel geklotert fir dei bäschten Vue ze hun.



Uewen ukomm wollten se dann och direkt eng Foto mam schéinen Hannergrond.


Wei mer zu Queenstown duerch de Bësch spazéiert sinn, sinn mer och engem Cousin vun hinne begeint. Sie waren esou begeeschtert, dass se en wollten mat op d'Rees huelen. No langen Diskussiounen hun mer hieren Cousin dun awer am Bësch geloos.


Milford Sound

Vun Queenstown aus kann een en op Milford Sound am Fiordland fueren. Och wann et Milford Sound heescht, ass et en Fjord. Dat heescht, dass et duerch Gletscher dei geschmollt sinn entaan ass.
Um Wee dohin sinn ech dem een oder anren Kea begeint. De Kea ass en Papagei, deen an dëser Geigend wunnt an em 50cm grouss ass. Se sinn net schei a machen regelmeisseg Autoen futi well se d'Dichtungen erausrappen.


Wann een bis zu Milford Sound ukomm ass, huet een de Choix mam Schëff oder mam Helikopter de Fjord ze entdecken. Et huet keen wärt dohin ze fueren wann een net wëlles huet en Tour mam Schëff oder mam Helikopter ze machen, well zu Milford Sound selwer gëtt et näischt ze kucken oder ze machen.
Ech hun decideiert en Tour mam Schëff ze machen. D'wieder huet och matgespillt an et huet net gereent. Zu Milford Sound reent et an der Moyenne 250 Deeg am Joer! Während 2 Stonnen sinn mer um Wasser geschippert an hun d'Natur ronderem bewonnert.







Zum Schluss sinn mer souguer e puer Delphiner begeint. Dat hei ass dei beschten Foto dei ech hun...wëll Delphiner haalen net stall fir dass en Tourist eng Foto kann machen!










Comments

Popular posts from this blog

South island: from Christchurch to Wellington

Wat gëtt et neits?

Neuseeland ABC