Posts

Showing posts from January, 2018

1 Mount Neuseeland

Image
Et kéint een och soen 1 Mount Auckland an d'Emgéigend...;-) Virun engem Mount sinn ech hei ukomm an bis elo bereihen ech meng Decisioun net! Ganz vill hun ech nach net gesinn, well ech bis virun e puer Deeg keen Auto hat an een leider net iwerall mam Bus hikënnt. Och wann ech dat "richtegt Neuseeland" ausserhalb vun Auckland, wei se hei soen, nach net entdeckt hun, esou hun ech schon vill Sachen gesinn e gemierkt dei anescht sinn wei doheem. D'Mentalitéit vun de Leit ass wierklech eng aner. Et ass villes mei gemitterlech an entspaant wei doheem. Esou kann et och mol virkommen, dass de Buschauffeur bei engem Arrêt erausklëmmt a mol eng fëmmt...et ass jo keen presséiert an mir bleiwen awer am Zäitplang dran. D'Hëllefsbreetschaft vun den Neuseelänner ass keng Legend mee eng Tatsach. Egal wou een ass an egal wat een freet et kritt een ëmmer eng Äntwert an et gëtt ëmmer probeiert engem esou gut wei nëmmen méiglech ze hëllefen. D'Madame an der Bank huet mi...

Waiheke Island

Image
Eng hallef Stonn mam Schëff vun Auckland ewech läit Waiheke Island. Et ass eng wonnerschéin Insel an et kann een baal iwerall stoen bleiwen fir d'Vue ob d'Mier ze genéissen. Leider hun dat och dei reich Leit gemierkt an dofir sinn d'Präiser fir Haiser op Waiheke Island an de läschten Joeren explodéiert. Ennert 1 Millioun kritt een hei näischt ze kaafen a wann dach, dann ass et eng Baraque dei komplett muss frësch gemach ginn. An all Katalog iwwert Waiheke Island machen se Reklamm dass een baal iwwerall eng "million Dollar view" huet...dat kann een wuel wuertwiedlech huelen! Op Waiheke Island ginn et ganz vill Kellereien an déi een därf kucken a schmachen goen. Ech hun esouwuel wäissen wei och rouden Wäin geschmacht a souguer een Rosé an se hu mer baal all ganz gut geschmacht! Op Waiheke Island gëtt et en Duerf dat Ostend heescht. An dësem Duerf gëtt et och d'Belgium Street. Ostend ass tatsächlech noom Oostende aus der Belge benannt, dëst well anscheinend a...

Devonport

Image
Net wäit aus Auckland eraus läit Devonport. Eng gemitterlech Stadt mat ganz villen schéinen a gut erhaalenen Häiser am viktorianeschen Baustyle. Et kann een immens schéin lanscht d'Wasser trëppelen oder sëch d'Gesicht op der Plage verbrennen...

Auckland War Museum

Image
Ob der Spëtzt vun engem net mei aktiven Vulkan läit den Auckland War Museum. Et ass en impressionant Gebei, wat een souguer vum Wasser aus gesäit wann een mam Schëff an den Haafen vun Auckland erafiirt. Am Musée selwer gëtt et eng hellewull un Austellung. D'Haaptaustellung weist d'Roll vun Neiséiland während dem 1. an 2. Weltkrich. Dann gëtt et awer och eng grouss Austellung iwwert d'Déieren an d'Planzen dei een an Neiséiland fënnt an natirlech och eng Austellung iwwert d'Maori Kultur. Et kann een souguer eng Maori-Show vun 30 Minutten kucken, dei a mengen Aen awer elo net esou immens ass ;-) Well de Musée uewen um Bierg läit, fiirt keen Bus bis virun Diir an et muss een zu Fouss erop.         

Dei éischt Deeg zu Auckland

Image
No langen 33 Stonnen sinn ech gut zu Auckland ukomm. Während deenen éischten Deeg hun ech haaptsächlech Tourismus gemach. Schnell hun ech geléiert, dass d'Weer hei heinsdo ganz lang kënne sinn an esou ass aus mengem kuerzen Trip op de Mount Eden schlussentlech eng "Wanderung" vun 3 Stonne ginn. An dat neit Joër sinn ech beim Skytower gestart! Fir e bëssi vun der Sonn ze profitéieren, war ech an d'Mission Bay gefuer. Dei éischt Vue ob Neiséiland! Maungawhau/Mount Eden (196m) deen hächsten net aktiven Vulkan zu Auckland Vum Maungawhau/Mt Eden bis ob Parais sinn et 18.550km Vue vum Maungawhau/Mt Eden ob Auckland Happy New Year! Skytower Mission Bay