Auckland War Museum
Ob der Spëtzt vun engem net mei aktiven Vulkan läit den Auckland War Museum. Et ass en impressionant Gebei, wat een souguer vum Wasser aus gesäit wann een mam Schëff an den Haafen vun Auckland erafiirt. Am Musée selwer gëtt et eng hellewull un Austellung. D'Haaptaustellung weist d'Roll vun Neiséiland während dem 1. an 2. Weltkrich. Dann gëtt et awer och eng grouss Austellung iwwert d'Déieren an d'Planzen dei een an Neiséiland fënnt an natirlech och eng Austellung iwwert d'Maori Kultur. Et kann een souguer eng Maori-Show vun 30 Minutten kucken, dei a mengen Aen awer elo net esou immens ass ;-)
Well de Musée uewen um Bierg läit, fiirt keen Bus bis virun Diir an et muss een zu Fouss erop.
Comments
Post a Comment