1 Mount Neuseeland

Et kéint een och soen 1 Mount Auckland an d'Emgéigend...;-)

Virun engem Mount sinn ech hei ukomm an bis elo bereihen ech meng Decisioun net!

Ganz vill hun ech nach net gesinn, well ech bis virun e puer Deeg keen Auto hat an een leider net iwerall mam Bus hikënnt.

Och wann ech dat "richtegt Neuseeland" ausserhalb vun Auckland, wei se hei soen, nach net entdeckt hun, esou hun ech schon vill Sachen gesinn e gemierkt dei anescht sinn wei doheem.

D'Mentalitéit vun de Leit ass wierklech eng aner. Et ass villes mei gemitterlech an entspaant wei doheem. Esou kann et och mol virkommen, dass de Buschauffeur bei engem Arrêt erausklëmmt a mol eng fëmmt...et ass jo keen presséiert an mir bleiwen awer am Zäitplang dran.

D'Hëllefsbreetschaft vun den Neuseelänner ass keng Legend mee eng Tatsach. Egal wou een ass an egal wat een freet et kritt een ëmmer eng Äntwert an et gëtt ëmmer probeiert engem esou gut wei nëmmen méiglech ze hëllefen. D'Madame an der Bank huet mir Photocopien gemach eier ech iwerhaapt matkritt hat dass ech dei bräicht an se huet mer ugebueden mer beim Ausfëllen vun der Steierkaart ze hëllefen. Sie hätt dat guer net misten machen, mee esou ass dat eben hei.
Wann een an engem Butek nofreet op sie en Service oder Produit ubidden an d'Äntwert ass nee, dann kritt een awer och direkt gesoot a weiengem Buttek dass een den Service / Produit wahrscheinlech fënnt.

Wei ech mer en GPS wollt kaafen fir net grad ziellos duerch d'Land ze fueren huet de Mann mer erklärt ech soll bei d'Konkurenz goen, do wär deen GPS deen ech wollt nämlech grad an der Reklamm.

Ech hun d'Gefill wei wann se hei manner am Konkurenzkampf sinn wei doheem. Jidereen huet mei dovun wann se all zesummenschaffen. Ech fannen dat op alle Fall ganz agreabel!

Dann ass mer och opgefall, dass bei gréisseren Manifestatiounen (Sylvester, Auckland anniversary, etc..) ëmmer Waaser an Sonnecreme fir näischt ugebueden ginn. Dat ass eppes wat een vläit och mol doheem kéint aféieren? Also op mannst dei Sach mam Waasser...d'Sonnecreme ass vläit manner akut ;-)

Wonnerbar fir mech ass, dass et hei gut an net ze déiert Iessen op all Eck gëtt :-D. Ech wees oft net wat ech mer soll kaafen, well de Choix ze grouss ass. Besonneg an der Mëttesstonn sinn op ee Mol iwwerall Iessbuden a Restauranten an et gëtt iwerall eppes guddes ze iessen zu gaaaaaanz attraktiven Präiser. Owes hun all dei kleng Buden a Restauranten awer leider zou an no 8 muss een dann schon an e richtegen Restaurant goen wann een net wëll doheem kachen oder spéit schafft.

Et ass iwwerhaapt esou, dass hei no 7 Auer Owes séier wéineg lass ass. Um 5 machen de gros vun de Büroen zou an um 6 d'Geschäfter. Verschidden Leit ginn dann nach een drenken an durno ginn se all heem. Nëmmen de Supermarché huet bis 10 respektiv Mëtternuecht op.
Dofir sinn d'Leit moies awer schon onheemlech frei op!!!!!! Hei huelen se "der frühe Vogel fänkt den Wurm" wuertwiertlech! Am Fitness fänkt deen éischten Cours um 5h45 un! Hallo????? An do kommen iwer 30 Leit! Ech wees dat well ech extra opgestaan sinn fir mer et ukucken ze goen...durno sinn ech nees heem a mäin Bett gefuer. Owes ass dee läschten Cours um 19h00. Do wou se zu Lëtzebuerg mol mat all hieren Couren ufänken oder voll amgang sinn, ass hei Schluss. Ech perséinlech sinn nach ganz wäit fort vun dem freien opstoen ;-)

Fir déi, déi sech froen wat ech dann esou machen fir meng Zäit erëm ze kréien: Am Dag trëpplen ech oft duerch d'Geigend oder ginn hei um Enn vun der Stroos op d'Plage fir e bessi ze schwammen. Well verschidden Leit doheem voll um Fitnesstrip sinn, hun ech mech hei och mol do ugemellt an ginn bis elo och regelmeisseg dohin. Ech probeieren och mei lokalen Fester an Traditiounen dobäi ze sinn fir mech besser ze integreieren an anzeliewen. An der Woch ginn ech Owes Ufängercouren am Franséichen fir Erwuessener. Esou kréien ech de Moment d'Zäit gut ëm an fänken och un e gewëssen Alldag ze kréien. Zanter e puer Deeg hun ech en Auto an dofir wärt ech an den nächsten Woch och mol mei wäit fortfueren an d'Nordinsel entdecken!

Wou wunnen ech? Ech hun en Zëmmer gelount beim Claire. Hat ass ganz léif a mir verstinn eis immens gut! Ech wunnen ënnen am Haus an hat uewen. D'Kichen an d'Stuff deelen mer eis. d'Haus läit zu Beach Haven, knapp 20min mam Auto aus dem Zentrum vun Auckland eraus. Wann een d'Stroos eroof geht dann kënnt een op der Plage hun :-)

Mäin bloen Golf mat deem ech elo d'Land entdecken...op der lenker Säit fueren üben ech nach ;-)



Meng "Heemecht" bis Dezember




Comments

Popular posts from this blog

South island: from Christchurch to Wellington

Wat gëtt et neits?

Neuseeland ABC