Waiheke Island
Eng hallef Stonn mam Schëff vun Auckland ewech läit Waiheke Island. Et ass eng wonnerschéin Insel an et kann een baal iwerall stoen bleiwen fir d'Vue ob d'Mier ze genéissen. Leider hun dat och dei reich Leit gemierkt an dofir sinn d'Präiser fir Haiser op Waiheke Island an de läschten Joeren explodéiert. Ennert 1 Millioun kritt een hei näischt ze kaafen a wann dach, dann ass et eng Baraque dei komplett muss frësch gemach ginn. An all Katalog iwwert Waiheke Island machen se Reklamm dass een baal iwwerall eng "million Dollar view" huet...dat kann een wuel wuertwiedlech huelen!
Op Waiheke Island ginn et ganz vill Kellereien an déi een därf kucken a schmachen goen. Ech hun esouwuel wäissen wei och rouden Wäin geschmacht a souguer een Rosé an se hu mer baal all ganz gut geschmacht!
Op Waiheke Island gëtt et en Duerf dat Ostend heescht. An dësem Duerf gëtt et och d'Belgium Street. Ostend ass tatsächlech noom Oostende aus der Belge benannt, dëst well anscheinend am 1. Weltkrich vill Neiséilänner aus Oostende evakuéiert goufen eier déi Däitsch agefall sinn.
Oostende huet awer mei ze bidden wei Ostend op Waiheke Island!
Fir déi déi en nach net kennen: de Pilz ass och mat mir ënnerwee. Hien huet sëch haut e bessi doniervt beholl (wei ëmmer) well en ze déif an d'Glas gekuckt huet...

Comments
Post a Comment