Wat gëtt et neits?
Ech sinn elo zanter e bessi mei wei 7 Méint hei an Neiséiland! Dass ech en tour ronderem d'Südinsel gemach hun an mech do richteg gut amèséiert hun wëss der jo, mee wat ass durno geschitt?
Schon während mengem Tour hat ech en Interview mat der Auckland Grammar School! Well dat mäin éischten richtegen Interview fir eng Platz war, war ech immens nervös an iwerzeecht dass dei Sach total an d'Box gang ass. Dat war awer net esou! En dag no mengem Interview hun se mer ugeruff fir mer eng Platz unzebidden an ech war mei wei frou fir se unzehuelen!!!
Ech hat och nach Demanden un aner Schoulen gescheckt, mee Auckland Grammar huet mech vun ufank un faszineiert. Ech wousst dass et eng ganz dichteg Schoul ass, dei jidereen an Neiséiland kennt! (Dat ass keen Witz! Egal wou ech sinn an erzielen dass ech do Proff sinn kënnt als Äntwert: Oh! oder Wow! an durno kreien ech erzielt ween d'Leit kennen deen do an d'Schoul gang ass). En plus ass et eng reng Jongeschoul an dat huet mech immens intresséiert. Ech wollt gesinn wei et ass an enger renger Jongenschoul ze schaffen (d'Meederchersschoul hun ech jo kannt an e bessi Mixtschoul hat ech jo och schon). En plus war a sinn ech nach ëmmer der Meenung, dass ech hei eppes kann beileieren, wat mir och zu Lëtzebuerg wärt vun Nëtzen sinn.
Zanter dem 30. Abrëll schaffen ech also als Franséich- an Spueneschproff (Merci R. dass du dem Tim deen Flou an d'Ouer gesaat huet ;-)) an der Auckland Grammar School.
Wat heescht dat genau? Dat heescht, dass esou gut wei ALLES anescht ass wei doheem!
Hei nëmmen e puer Sachen:
- d'Schoul huet 2500 Schüler
- d'Schüler hun eng Uniform un (och am Sport!)
- d'Schoul fänkt um 9h00 un an dauert all Dag bis 15h15
- eng "Stonn" dauert 40 Minutten
- Wann et reent ass d’Mëttespaus méi kuerz an d’Schoul hält da schonn um 15h00 op.
- D’Schüler gi mam Familljennumm geruff an net mam Virnumm.
- Et gi keng Casë fir d’Schüler.
- Hei huet all Proff säin eegene Sall. D’Klassen hu kee Sall.
- Et gëtt keng Cantine. All Schüler (an all Proff) muss säin eegent Iesse vun doheem matbréngen.
- All Dag fänkt mat enger Assembly un. All d’Jonge sëtzen de Klassen no am Hall a lauschteren no wann de Direkter wichteg Informatioune gëtt oder e Schüler fir eng besonnesch Leeschtung auszeechent. Wann den Direkter erakënnt an och wann en eraus geet, stinn d’Jongen op. Schwätzen däerf ee wärend der Assembly, déi tëschent 10 an 20 Minutten dauert, net ! Wann een awer mengt et misst een dem Noper eppes soen, da gëtt ee virun all den anere Schüler vum Direkter blous gestallt an et mussen een Nomëttes an d’Retenue.
- Den Terrain vun der Schoul ass riseg ! Besonnesch d’Sportinfrastrukture sinn enorm : 3 Rugbyfelder, 3 Fussballterrainen, 1 Hockeyfeld, 1 Multisport Terrain, 6 Tennisfelder, 1 Squashcenter, 4 Turnhalen an 1 Piscine. Et ka sinn dass nach méi do ass mee dat hunn ech dann nach net fonnt/gesinn. Kuerz : en Dram fir eis Sportsproffen !
- All d’Sportsaktivitéite si MOIES UM 7 AUER !!!!! Nee ech hu mech net vertippt, dat ass wierklech esou. Aner Aktivitéiten déi näischt mat Sport ze dinn hunn sinn an der Mëttesstonn. No der Schoul ass näischt.
- Freides soll een de Schüler keng oder nëmme ganz weieng Hausaufgabe gi fir dass se de Weekend Zäit hunn eppes an der Famill ze maachen. Dat ass hei ganz wichteg.
- Och als Proff muss een sech un eng Kleederuerdnung halen. Männer mussen ëmmer en Hiem, eng Kravate an eng Platongsbox un hunn. Fraen däerfe keen Decolleté weisen, hir Jupe oder hire Rack musse bis bei de Knéi goen a wann se eng Box undinn dann däerf dat keng Leggings an och keng Jeans sinn. Kaputzenpullover, genau esou wei Turnschlappen oder Sneakers si fir jidderee verbueden.
An dann nach e puer Informatiounen fir meng Arbeschtskollegen doheem:
- "Dispo" (eng Stonn wou een Surveillance op enger Klass hällt wann en aneren Proff net do ass) huet een hei an all Stonn wou een net selwer Cours hällt!
- Et muss een all Dag vun 9h00 bis 15h15 an der Schoul sinn! Dat ass och net weider schweier well en volle Kader sinn 27 Stonnen!
- Et gëtt een op mannst 3 mol am Joer "kontrolléiert" (2 mol vun engem Member aus der Direktioun an 1 mol vun engem aneren Proff), all dës Kontrollen sinn spontan an net ugekënnegt.
- Et gëtt vun all Proff erwart dass en sëch bei enger Extra-curricular Aktivitéit engageiert. Ech ginn Dënschtes an Donneschtes at de Jongen laafen (um 7 Auer Moies wuel verstan! Ech sinn all Kéiers selwer vu mir iwerascht dass ech dat machen...net d'Laafen mee dat freit Opstoen!)
- D'Proffen zéihen all un engem Strang an wenden d'Regelen vun der Schoul un (egal op se se gut oder schlecht fannen)
- All Proff muss eng Zort Portfolio ausfëllen. Et muss een 3 Zieler fir d'Joer festleen an dann regelmeisseg eng Reflexioun zu den Zieler schreiwen fir ze weisen dass en drun schafft bzw. seng Zierl ereecht. Wann een dat net mëcht riskéiert een seng Lizenz ze verleieren an domat seng Arbeschtsplatz (an dat ass ganz eescht gemengt well Direktioun warnt regelmeisseg Leit dei net regelmeisseg en Update machen!)
- Et gëtt keng Plénièren an och sos ginn et keng Réuniounen (et gëtt och keng Projeten dei eng Réunioun bräichten) mee all Méinden moien ass e kuerzen Briefing vun 10 Minutten an all Freiden kritt een de Plang vun der nächster Woch mat allen wichtegen Evenementer drop.
- An d'Pei freet sech elo vläit deen een oder aneren...dei ass mei niddreg wei dei vun engem Stagiaire deen grad ugefang huet! (Nb: Wann een Tuteur vun engem Stagiaire ass kritt een keen Su dofir...been there done that!) Ech sinn iwregens hei en fin de carrière mat deem Salaire! (Nb2: d'Liewen hei ass net bëlleg!)
Wann dir also am September nees an d'Schoul gitt an onzefridden sid well ären Stonneplang iech net gefällt oder well schon nees zevill Réuniounen sinn oder well der fannt dir mist mei Pei kréien (aus wat fir engem Grond och ëmmer) oder well den Kaffi an der Konferenz ze deier ass (deen ass hei iwregens fir näischt an mat richteger opgescheimter Mëllech) oder well iech sos eppes net gefällt, dann:
- denkt eng Kéier kuerz u mech an un alles dat wat ech Iech grad opgezielt hun a froot iech op et wierklech esou fuerchtbar ass doheem Proff ze sinn...
- sëtzt iech op är hënnescht Patten an kuckt dass sech eppes un der Situatioun ännert!
Wann Iech den läschten Abschnitt net gefällt dann vergiest en (iwersprangen geht jo elo net mei) an soot iech "hat ass jo selwer Schold! Et hat jo keen gesoot hat mist dohinn goen".
Et brauch och keen Matleed mat mir ze hun! wat ech Iech hei opgezielt hunn ass meng Realtiteit de Moment an et stéiert mech iwerhaapt guer net! Ech sinn all dag frou fir schaffen ze goen (heinsdo e bessi mid mee nach ëmmer frou) an ech bereien meng Decisioun net! Dat eenzegt wat geschitt ass, dass ech mer elo nach mei bewosst gi sinn wei verwinnt mir doheem sin an wei gut dass et eis geht!
D'Haaptgebei an deem all Moien d'Assembly gehaal gëtt
Den Hall während der Assembly
Fir mei Informatiounen iwert d'Schoul an e puer flott Videoen a Fotoen gid entweder op d'Facebooksäit vun der Schoul: https://www.facebook.com/aucklandgrammarschool/
oder op den Internetsite: https://www.ags.school.nz (do fann der och eng Foto vu mir!)
Hallo Marie!
ReplyDeleteAlles waats du ziels ass wierklech intressant, an ech mierken un denger Schreiwweis datt et et der do gefällt.
Frée mech op dai nexte Bericht.
Luc
Merci Luc!
DeleteEch denken oft un eise Grupp :-)
Dat hei ass wierklech eng super Aventure!
Hey
ReplyDeleteWell et hei keen Like-Button get :-(
LIKE!
:-)
Daat ass jo baal ewei beim Militaer. Daat wir mir zevill unstraengend. 😊😊😊 Ech giff an denger Plaatz emol protestei'eren an ewar kraefteg !!!
ReplyDeleteHues du dann weinstens Sonndes frei? Groeten uit Zeeland 😎😎😎
DeleteEch sinn ganz zefridden an kommen net op d'Iddi ze protestéieren ;-)
DeleteWat mer awer hei ganz vill fehlt ass Sonndes een deen mol eppes ordentleches fir mech kacht esou wei dat zu Paräis alt mol de Fall war ;-)
Hallo Marie, dain Text deet mer gudt bis an di déck Zéiw... Zu Berlin sin d'Arbëchtskonditiounen sprich d'Raimlëchkeeten, d'Stonnenzuelen, d'SchülerInnenzuelen, d'Wokanzendeeg an d'Paye och GANZ anerer... An ët geet mer gudt an am Nachhinein wees ëch NACH MEI ze schätzen, wat ëch um Fieldgen hat. Ët kann een an villen Konditiounen schaffen, wann een bereed as, séng Comfort Zone ze verloossen an sain Point de vue ze veränneren... Een glécklëchen (oder onglécklechen) Mënsch kann een iwwerall sin... Dat entscheed een einfach fir sëch selwer :-)
ReplyDelete