Posts

Showing posts from March, 2018

Lake Taupo

Image
No mengem Hike hun ech mech um Lake Taupo erholl. Dëst ass de gréissten Séi an Neiséiland (ongeféier 622km2, 46km lang an 33km breed). Et ass en Vulkankrater deen no der Explosioun an sëch zesummegefall ass an mat Wasser vollgelaaf ass. De Vulkan gëllt als entschloof well nach ëmmer Aktivitéiten gemoss ginn, dei sëch haaptsächlech duerch waarm Quellen am Séi weisen. Haut ass d'Geigend ronderem de Séi eng beléiften Vakanzendestinatioun bei Auslänner a bei Neiséilänner. Ugebueden gëtt esougutt wei alles: Trëppelweeër, Velosweeër, Laafweeër, Wasseraktivitéiten an souguer gratis Thermalschwemmen! Ech kann mer gut virstellen nach eng Kéier heihin ze kommen, well et brauch een nëmmen knapp 3 Stonnen mam Auto vun Auckland bis op Taupo. (Et ass also meng belge Plage an Neiséiland 😉)  Mat engem Schëff kënnt een bei e Fiels an deen an de 70er Joëren e Maori d'Gesiicht vum Ngatoroirangi, e Séimann deen d'Maori op Taupo bruecht huet, gehaaen huet an de...

Tongariro Northern Circuit

Image
An Neiséiland gëtt et 9 Great Walks. Dat sinn Hiken déi teschent 3 an 5 Deeg daueren (oder nach mei lang wann een ganz lues ass) an duerch ganz verschidden Deeler vun Neiséiland féieren. Well ech Vulkaner ganz intressant fannen an well den Tongariro Northern Circuit Départ an Arrivée op der selwechter Platz huet (de Gros vun de Great Walken hun en Départ deen 40-50km wäit fort vun der Arrivée läit), hun ech décideiert deen Great Walk ze machen. Geschloof hun ech a klengen Hütten, dei um Wee leien. Am Ganzen hun ech 3 Deeg gebraucht fir d'Streck vun 45km ze goen. Day 1 Den éischten Dag ass et ganz gemitterlech lass gang. Mat mengem 20kg Rucksack ass et 9 Kilometer riicht aus, ouni gréisseren Biergop oder Biergoof gang an dat bei Sonn a bloem Himmel! Well et um ganzen Wee keen Baam oder sos Iergenteppes gëtt wat engem Schied mëcht, war et mer séier gut warm an ech hu mech schon geiergert, dass ech e Schaal, eng Mutz, Hännschen, 2 waarm Fleecepulloveren an souguer Skiënne...

Rotorua

Image
Den 24. März sinn ech a Richtung Südinsel gestart. Eier ech awer den 1. Abrëll mat der Fär op Picton an domat op d'Südinsel fueren, war ech op verschiddene Platzen op der Nordinsel ënnerwee. Mäin 1. Stop war Rotorua. Rotorua ass eng kleng Stadt an där et andauernd no Schiefel richt (oder stenkt) well et eng ganz aktiv geothermesch Géigend ass. Iwerall kënnt Damp aus dem Buedem an de Bulli an d'Wasser blubberen. Fir dei Sach vu mei no ze gesinn, war ech an den Wai-o-Tapu Thermal Park: Champagne Pool Devils Bath Artist's Palette

The Big Hoot

Image
Hei an Auckland leeft bis den 6. Mee eng Ausstellung mat Eielenskulpturen dei vun verschiddenen neuseelänneschen Künstler bemolt goufen. De Prinzip ass dee selwechten wei deen vun der Elephant Parade oder och nach vun de farwegen Kéi, dei zu Lëtzebuerg ausgestallt waren. Perseinlech fannen ech d'Eilen awer mei flott a schéin wei d'Kéi an d'Elefanten. Dëst läit vläit dorun, dass et mei einfach ass enger Eil e schéine Kostüm ze molen wei enger Kou oder engem Elefant ;-). Nodems ech haut de moien eng Course gelaaf sinn, sinn ech am Nomëtten duerch Auckland 10km ausgelaaf. Ech hu mer nämlech an de Kapp gesaat, dass ech all dei 48 Eilen wëll gesinn an knipsen! Fir dass dei Sach mei einfach ass, gëtt et eng App mat engem Plang an et kann een souguer Kadoen gewannen (ech hun der bis elo 2 gewonn). Ech hun elo all d'Eilen am Centrum vun Auckland fonnt (26 am Ganzen). Dei aner 22 sinn leider e bessi mei wäit fort verdeelt an dofir konnt ech haut net bei se all trëppelen.....