Tongariro Northern Circuit
An Neiséiland gëtt et 9 Great Walks. Dat sinn Hiken déi teschent 3 an 5 Deeg daueren (oder nach mei lang wann een ganz lues ass) an duerch ganz verschidden Deeler vun Neiséiland féieren.
Well ech Vulkaner ganz intressant fannen an well den Tongariro Northern Circuit Départ an Arrivée op der selwechter Platz huet (de Gros vun de Great Walken hun en Départ deen 40-50km wäit fort vun der Arrivée läit), hun ech décideiert deen Great Walk ze machen. Geschloof hun ech a klengen Hütten, dei um Wee leien. Am Ganzen hun ech 3 Deeg gebraucht fir d'Streck vun 45km ze goen.
Day 1
Den éischten Dag ass et ganz gemitterlech lass gang. Mat mengem 20kg Rucksack ass et 9 Kilometer riicht aus, ouni gréisseren Biergop oder Biergoof gang an dat bei Sonn a bloem Himmel! Well et um ganzen Wee keen Baam oder sos Iergenteppes gëtt wat engem Schied mëcht, war et mer séier gut warm an ech hu mech schon geiergert, dass ech e Schaal, eng Mutz, Hännschen, 2 waarm Fleecepulloveren an souguer Skiënnerwäsch agepackt hun! Dee Moment war fir mech kloer, dass dat onnëtzt Gewiicht ass, wat gut hätt kënnen am Auto leien bleiwen.
Mount Ruapehu (Mount Doom fir d'Fans vun Lord of the Rings)
Op der Hütt ukomm, hun ech mech ageschriwen an mer en "Bett" reservéiert. Well ech frei u war, hat ech nach e grousse Choix!
Lues a lues koumen och déi aner Wanderer un an et ass een séier an d'Gespréich komm. Esou hun ech de Bob kénnegeleiert, e pensioneierten Schoulmeeschter aus Australien deen de ganzen Wee gemitterlech a sengem Rythmus getrëppelt ass. De Robin, en Englänner deen schon an 9 Länner gewunnt huet an dofir vill flott Sachen ze erzielen hat an d'Maryann an de Steve eng australesch Koppel dei all Mount een Hike machen.
Day 2
Wei ech den 2. Dag um 6 erwächt sinn, waren de bloen Himmel an d'Sonn fort an am Bierg hung eng déck Wollek. Der Météo no, sollt et géinter Mëtten opklären. Well et awer zimlech frësch war, hun ech mol léiwer en Pullover ugedo an duecht mer ech kéint jo dann mei spéit en T-shirt undoen (mon oeil!!!)
Gudder Deng sinn ech géint 7 lassgetrëppelt. Um Programm: 800 Héichtemeter de Vulkan erop an dei aner Saït der 400 nees eroof oder anescht ausgedreckt: 12km wanderen. Den Ufank war nach ganz an der Rei, wann ech och net vill gesinn hun vun all de schéinen Bierger dei ronderem mech luchen.
No knapp enger halwer Stonn war et dunn awer eriwer mam gemitterlechen wanderen...et ass biergop gang an zwar zolitt! Dat Ganzt nénnt sëch Devils Staircase...
D'Tempraturen sinn awer net mat an d'Lucht gang mee et ass ëmmer mei kaal, naas an lëftech ginn. Mat all puer Meter wou ech mei an d'Lucht gang sinn hun ech e Pullover mei ugedo bis ech opeemol Alles unhaat wat ech u Wanterkleeder am Rucksack hat. Uewen um Biergkamm war d'Situatioun dun am schlëmmsten: onheemlech straken an äiskaalen Wand, deen sëch nach mei stark ugefillt huet weint dem schwéieren Rucksack.
Ah jo am Fall wou der Iech d'Fro stellt: eng super Vue hat ech natirlech net ;-)!
Hei als Verglach: lenks wat ech gesinn hätt bei guddem Wieder an riest meng Vue.
Wei ech entlech uewen op der Spëtzt vum Red Crater ukoum, huet onser Här et awer nach gutt mat mer gemengt an d'Wolek huet sëch gehuewen! Esou hun ech de Red Crater richteg gut gesinn an hat och eng wonnerbar Vue op d'Emerald Lakes. Domat war d'Ustrengung vun de läschten 3 Stonnen och séier vergies!
Ënne beim Séi hun ech dun Mëttespaus gemach an sinn dem Maryann an de Steve begeint. Mir hun dun décideiert zesummen bis bei dei nächst Hütt ze trëppelen. De Wee bis dohin war ganz liicht (dat ass och net ganz schwéier no dem gekloters!) an no knapp 1h30 waren mer ukomm.
De Buedem dämpt plaatzeweis!
Ganz no bei der Hütt gouf et e Floss an en Wasserfall. Dir kënnt Iech net virstellen wei gut et deet no esou engem Dag an engem eiskaalen Floss eng "Dusch" ze huelen ;-) (An den Hütten gëtt keng Dusch! Nëmmen een Lavabo mat Reewasser)
Contrairement zum éischten Dag, wou ech genau 2 Leit begeint sinn, waren vun der Hütt bis bei d'Emerald Lakes onheemlech vill Leit ënnerwee. Wann een keng Loscht huet den Great Walk ze trëppelen, kann een sech mam Bus op eng gewësse Platz féieren loosen an vun do aus an engem Dag bis erop op de Vulkan goen an dann nees eroof bis an en Duerf. Dësen 1 Day Hike heescht Tongariro Crossing a gëtt an der Summersaison all Dag vun ongefeier 2000 Leit gemach!!!!! Ongefeier d'Hallschent mecht den Tour nëmmen weint dem Mount Ruapehu, deen een am Film Lord of the Rings als de Mount Doom gesäit! Dat kruut ech, deen keng Ahnung vun dem Film huet, de läschten Owend an der Hütt erklärt.
An deem Sënn war et ganz gut dass d'Wieder net esou gut war, well doduerch waren manner Leit ënnerwee, mee trotzdem nach ëmmer zevill ;-).
E grousse Problem ass dann och, dass vill Leit dei Wanderung komplett ënnerschätzen an net gut oder iwerhaapt net virbereed sinn (keng warm Kleeder, näischt ze drenken, keng fest Schung, etc.). Ech hun den Helikopter 4 Mol deen Dag heieren. Dem Ranger an der Hütt (an all Hütt ass e Ranger présent) no goufen deen Dag 12 Leit aus dem Bierg ausgeflunn well se sëch wéih gedo hunn oder ënnerkillt waren (uewen waren -Graden!).
Day 3
Eigentlech sollt ech 3 Nuechten an verschiddenen Hütten schloofen an 4 Deeg wanderen. Well awer onheemlech schlecht Wieder fir den 4. Dag gemellt war, hun ech zesummen mam Robin, mam Maryann a mam Steve décideiert net nach eng Nuecht an enger Hütt ze schloofen, mee den 3. Dag bis zum Schluss ze goen. Dat huet geheescht 24km trëppelen mee dat war eng gut Décisioun! Den 3. Dag war et schon net agreabel, mee den 4. Dag huet et riicht era geschott!!
De Robin war e bessi mei frei fortgang wei d'Maryann de Steve an ech. Mir sinn him awer no 2h30 Stonnen op der läschter Hütt nees begeint a vun do un waren mer dunn zu 4 ënnerwee duerch de Reen. Wei schon dei Deeg virdrun gouf op 90% vum Wee keen Baam oder sos eppes wat eis virum wand an dem Reen geschützt hätt. An wei mer entlech am Bësch waren huet et natirlech opgehaal mat reenen!
D'Stëmmung war awer tip top an no 3h30 waren mer och schon ukomm!
Doutmid awer iwerglecklech!
Fazit
Ech sinn immens frou dass ech décideiert hun dëse Great Walk ze machen an ech sinn trotz Muskelkater schon amgang ze iwerleen weieen Great Walk dass ech als nächst kéint machen ;-) Wann d'Zäit an d'Wieder et erlaben, machen ech den Tongariro Crossing am Freijoër nach eng Kéier fir eng besser Vue ze hun!
De Pilz on Tour
De Pilz a säi Cousin waren natirlech och mat op den Tour! Sie hun dei meeschten Platz am Rucksack ageholl an hun och am meeschten gewiehen! Natirlech hun dei 2 Feiglingen sëch de ganzen Wee erop op de Vulkan net gewisen awer wei d'Sonn bis do war waren sie 2 och direkt do fir eng Foto beim Séi ze machen...typesch!
Comments
Post a Comment