The Big Hoot
Hei an Auckland leeft bis den 6. Mee eng Ausstellung mat Eielenskulpturen dei vun verschiddenen neuseelänneschen Künstler bemolt goufen. De Prinzip ass dee selwechten wei deen vun der Elephant Parade oder och nach vun de farwegen Kéi, dei zu Lëtzebuerg ausgestallt waren.
Perseinlech fannen ech d'Eilen awer mei flott a schéin wei d'Kéi an d'Elefanten. Dëst läit vläit dorun, dass et mei einfach ass enger Eil e schéine Kostüm ze molen wei enger Kou oder engem Elefant ;-).
Nodems ech haut de moien eng Course gelaaf sinn, sinn ech am Nomëtten duerch Auckland 10km ausgelaaf. Ech hu mer nämlech an de Kapp gesaat, dass ech all dei 48 Eilen wëll gesinn an knipsen! Fir dass dei Sach mei einfach ass, gëtt et eng App mat engem Plang an et kann een souguer Kadoen gewannen (ech hun der bis elo 2 gewonn). Ech hun elo all d'Eilen am Centrum vun Auckland fonnt (26 am Ganzen). Dei aner 22 sinn leider e bessi mei wäit fort verdeelt an dofir konnt ech haut net bei se all trëppelen...eng steht um Flughafen, deen ass 20km wäit fort. An den nächsten Deeg fueren ech also mam Auto duerch d'Banlieue vun Auckland fir all d'Eilen ze fannen ;-).
Dësen klengen Trëppeltour war awer och ganz flott fir mol e puer Stroosen an Deeler vun Auckland ze gesinn, dei ech nach net kannt hun (an fir beim Oberweis vun Auckland en leckeren Mojito-Kichelchen ze iessen).
Den Numm vu dëser Eil ass Mr Me-Owl ;-)
Eng Eil fir d'Starwars Fans
D'Fiederen vun dëser Eil sinn aus aalen Pneuen gemach.
Net grad dei farwegsten Eil, mee se huet d'Nummer 1987 ;-)
Touristen Eil
E vu menge Favoriten!
D'Stadt:
Dei wäiss Stecker sinn magneitesch an jidereen kann domat formen wat en wëll. Et kann een och e Ball driwer laafen loosen, dann mëcht dat ganzt Musek.
Maori Entrée
Comments
Post a Comment