Ports of Auckland - Round the Bays
Fir dass ech net aus dem Training kommen an en engem Joër nach kann mat menge Frënn doheem mathaalen, sinn ech haut bei enger Stroosecourse matgelaaf. Nierft mir haaten nach ongefeier 25.000 aner Leit deiselwecht Iddi. Ech war also nie alleng fir dei 8,5km lanscht d'Mier ze laafen.
Hei ass eng Stroosecourse e bessi eppes aneschters wei doheem. Net nëmmen sinn vill mei Leit um Départ och sos ginn et Ennerscheeder zu Lëtzebuerg:
Hei ass eng Stroosecourse e bessi eppes aneschters wei doheem. Net nëmmen sinn vill mei Leit um Départ och sos ginn et Ennerscheeder zu Lëtzebuerg:
- et gëtt Wasser en Masse! All Kilometer gouf et eng Wasserstatioun an dat fir en Parcours vun 8,5km!!! Hei ginn se ëmmer an iwerall nom Prinzip "mieux vaut prévenir que guérir"! Se benotzen hei och keen Wasser aus Plastiksfläschen mee Krunnewasser (fannen ech ganz gut!! #Packagefree) mee mat engem Schlauch op deen en Opsatz gesaat gëtt deen direkt 5 Becheren mateneen fëllt.
- all 2 Kilometer stoungen op mannst 10 Toiletten. Ech hat gemengt dat wär et Witz a keen bräicht dei, mee do stung ëmmer eng Schlang virdrun egal bei weiengem Kilometer ech grad war.
- Bei all Wasserstatioun steht eng Ambulanz. Dogeint ass jo och näischt ze soen. Mee hei kucken se net nëmmen no bis een emkippt...hei verdeelen se Ploschteren fir wann een eng Blooder huet.
- et gëtt neierens eng Kippchen :-(. Wei bei allen öffentlechen Fester an Organisatiounen kritt een keen Alcool ze kaafen. Ech konnt mer also keng Kippchen no der Arrivée gönnen. Ech fannen dass Neuseeland sëch dat mol kéint bei eis oofkucken ;-) Et kruut een awer en Wirschtgen fir näischt...
- trotz 26.000 Leit ass naischt lass op der Streck. Wann doheem esouvill Leit eng Course laafen dann stinn op mannst op e puer Platzen Leit ze klappen. Hei war dat net de Fall. Dat erklärt sëch doduerch dass an Neuseeland d'Familjen oft eppes zesummen machen. Et ass also net de Papp oder d'Mamm dei laafen an de Rescht vun der Famill steht iergentwou um Parcours ze klappen. Hei leeft / trëppelt d'ganz Famill. Dann bleéift keen mei iwereg fir sëch lanscht de Parcours ze stellen an ze klappen.
Et goufen zwar all 600m Musekstatiounen mee d'Musek huet een knapp 50m virdrun an durno heieren, sos war et éischter roueg.
- d'Vue ass 8,5km lang schéin :-) Ech laafen gär lanscht d'Mier an dofir huet et mir hei och extra gut gefall. En plus huet d'Loft dei vum Mier koum gut gedo, well et war mei warm wei ech am Ufank geduecht hat.
E Sonnden den 11.03.2018 laafen ech schon dei nächst Course. Dës ass awer vill mei kleng an de Parcours huet nëmmen 5km. Se ass dofir awer hei a mengem "Duerf" an erlaabt mer et en neien Laafparcours fir den Alldag ze entdecken.



Comments
Post a Comment