Tiritiri Matangi Island

Tiritiri Matangi Island läit am Hauraki Gulf (Hauraki ass Maori an heescht Nordwand). An dësem Golf leien lauter kleng a mei grouss Inselen. Mäin Ziel ass et se all ze besichen. 
Vun Auckland aus ass een mam Schëff an enger Stonn do. D'Insel huet ongefeier 2,2km2. Tiritiri Matangi heescht "Vum Wand dohigeheit".
Dës Insel ass net mei bewunnt. Vun 1984 bis 1994 gouf aktiv dru geschafft fir de Bësch, deen vun de Menschen zum gréissten Deel futi gemach gouf, nees ze entweckelen. Nodeems dëse Projet oofgeschloss war, gouf aktiv dru geschafft d'Insel vun Raten, Mais, wëll Kazen an sos Déieren ze befreien déi et ursprünglesch net an Neuseeland gouf. Dës Déieren sinn eng richteg Plo fir d'Land well duerch sie vill Déierenarten, déi schon virun der Besiedlung duerch d'Mënschen an Neuseeland gewunnt hun vum Ausstierwen bedroot sinn. Neuseeland hat keng Raten, keng Mais an och keng Kazen. Dës Déieren koumen all mat de Schëffer op d'Insel. Dofir kënnen vill Villercher an Neuseeland net fléien, well et gouf um Buedem nie eng Bedrohung fir sie. Hei heescht dat "Pest eradication". 
Nodems och dës Aktioun e Succès war an nach ëmmer ass, koumen lues a lues vill Zorten Villercher zereck op d'Insel. Haut wunnen 87 verschidden Zorten op der Insel.

Zuel vu Leit dei op d'Insel därfen ass limitéiert. D'Schëffer fueren nëmmen 4 mol an der Woch dohin an zereck. Wann een d'Schëff fir zereck op Auckland verpasst ass een a) ganz alleng op enger Insel an b) gut domm drun well et muss een 350 NZD fir en "Taxi" bezuelen.
Et ass zwar meiglech op der Insel ze schloofen, mee et ginn nëmmen 4 Better an et muss een alles selwer matbrengen (Schloofsack, Iessen, Kachutensilien, Wasser, ...). En gros sinn et Forscher dei do "schloofen" fir am Dag an an der Nuecht d'Villercher ze observéieren.

Iessen kann een keent op der Insel kaafen. Et därf een sëch awer e Picnic mathuelen. MEE: et muss alles an enger Këscht dei een kann zoumachen sinn oder an Zip-Loc Tuuten. All Dreck deen een huet muss een nees mathuelen an et därf een keen Iessen (an och keng Flëssegkeeten) op de Buedem geheien/schëdden. Nëmmen esou gewinnen d'Villercher sëch net drun gefiddert ze ginn an d'Insel bleift propper.

Et kann een entweder alleng iwwert d'Insel trëppelen oder mat engem Guide. Ech roode jiderengem en Tour mam Guide ze buchen (10NZD) well een esou vill mei gewuer gëtt! Ech hun vill iwert Villercher geléiert an och iwert de Bësch an dei verschidden Beem. Well pro Dag net vill Leit (mir waren zu 8 am Grupp) op d'Insel geloos ginn kann een de ganzen Wee iwwer dem Gesang vun de Villercher nolauschteren. D'Leit sinn schéin roueg an trëppelen och ganz douce a lues an der Hoffnung e Villchen ze gesinn.

Mir hun der och e puer gesinn, mee se ze knipsen war net esou einfach. Trotzdem war et en immens flotten Dag!
Arrivée mat herrlechem Wieder!


Ech hun e puer Villercher geknipst kritt:







De Bësch:
Dëse Baamstamm ass vun Natur aus an der Mëtt huel.

En typeschen Bësch an Neuseeland.


Dëse Baam huet keng Platz fir an d'Lucht ze wuessen, dofir wist en zanter ongefeier 800 Joer an d'Breed.


D'Vue op Rangitoto Island

En Deel vun den Infrastrukturen sinn gut erhaalen.




D'Wasser ass hei ganz kloer!


Vue op Tiritiri






Comments

  1. gridinsoft anti malware crack This article is so innovative and well constructed I got lot of information from this post. Keep writing related to the topics on your site.

    ReplyDelete
  2. Thanks for the post. Very interesting post. This is my first-time visit here. I found so many interesting stuff in your blog. Keep posting.. vuescan-pro-crack

    ReplyDelete
  3. I am very impressed with your post because this post is very beneficial for me and provides a piece of new knowledge to me.
    WM Capture Crack
    Nikon Camera Control Pro Crack
    Miracle Box Crack
    Traktor Pro Crack
    IK Multimedia MODO DRUM Crack

    ReplyDelete

Post a Comment

Popular posts from this blog

Neuseeland ABC

Tongariro the 2nd

Wat gëtt et neits?