Posts

Showing posts from April, 2018

South island: from Dunedin to Christchurch

Image
Vun Dunedin op Christchurch gouf et vill ze kucken an ech sinn oft stoen bliwen well ech emmer nees impressioneiert war vun der Plage an dem wëllen Mier. Ech kéint Stonnen op enger Plage setzen an de Wellen nokucken. Op mengem Wee sinn ech och zu Moreaki stoen bliwen. Hei leien op der Plage deck Ronn Kugelen dei "Boulders" genannt ginn. Et geht een dovun aus, dass dës Kugelen virun ongefeier 4 Milliounen Joeren entstaan sinn. Analysen hu gewissen dass d'Kugelen aus Lehm a Bulli bestinn dei duerch Kalzit zementeiert sinn. Wei ech um Wee fir bei d'Boulders war koumen mer lauter Leit mat naasen Boxen entgeint an ech hu mech gewonnert wei se dat gemach hun. Op der Plage hun ech dun séier eng Äntwert kritt: bei Flut kënnt d'Wasser bis bei de Fiels. Wann een also net oppasst gëtt een ganz séier vun enger Well erwëscht. Mat e bessi Gescheck packt een et awer och drëchen ze bleiwen! Dem Pilz hun d'Boulders och gut gefall well een kann dro...

South island: from Mildorf Sound to Dunedin

Image
Um Wee bis op Dunedin gouf et net esouvill ze gesinn. Ech war zimlech mid an dofir hat ech keng gréisser Wanderung ageplangt. Dat eenzegt wat ech mer ukucken war, war den Nugget Point well do huet een nëmmen 5 Minutte misten trëppelen (ech hat deen Dag wierklech guer keng Loscht vill ze trëppelen). Den Nugget Point ass näischt weider wei e puer Fielsen dei aus dem Mier kucken. Well se ausgesinn wei d'Goldnuggets dei an dëser Géigend fonnt goufen heescht et Nugget Point. Anscheinend wunnen hei ganz vill Séibieren (se gesinn a mengen aen baal genau esou aus wei Séileiwen) a Pinguinen. Ech hun där awer keng gesinn. Op mengem Wee zereck bei den Auto huet et zur Oofwieslung mol nees eng Kéier gereent. Dofir hat ech durno nees e schéinen Reebou fir ze knipsen. Dunedin Dunedin ass dei 7. gréisste Stadt an Neuseeland an huet e puer ganz schéin Gebeier déi um Enn vum 19 Joerhonnert an um Ufank vum 20. Joerhonnert gebaut goufen. Besonneg gut huet mir d'Gare gefa...

South island: from Queenstown to Milford Sound

Image
Vun Wanaka sinn ech op Queenstown gefuer. De Wee dohin war net weider spektakulär: et huet riicht era gereent an et ass iwert gefillt 1000 Kéieren de Bierg erop an dun nees de Bierg eroof gang. Zu Queenstown war d'Wieder awer besser an ech hun et richteg flott do fonnt. Queenstwon läit um Lake Wakatipu. D'wasser vum Séi ass richteg schéin hell blo an ganz kloer. An baal vun iwerall gesäit een op de Séi an op d'Bierger. Ech hu mech direkt an dei Vue verléift an ginn ganz sëcher nach eng Kéier op Queenstown! Wei zu Wanaka gëtt engem hei ganz vill gebueden. Ech hun awer guer net vill gemach ausser d'Vue genoss, well ech mech vu mengem Muskelkater erholl hun. Zu Queenstown hun ech dun och den éischten Schnei fir dëst joer gesinn. Wei ech ukoum war et schéin an drechen awer kaal. An der Nuecht ass et dun richteg kaal ginn an wei ech moies opgestaan sinn waren d'Spëtzen vun de Bierger wäiss. Wei schons gesoot, war ech éischter inaktiv, zu Que...