South island: Franz Josef to Wanaka

De Wee vun Franz Josef bis op Wanaka war super! Ech hätt kéinten all 100 Meter stoen bleiwen fir eng Foto ze machen oder fir en Trëppeltour ze machen! Leider war dëst awer net méigelech. Ech war immens spéit zu Franz Josef fortgefuer an dofir konnt ech net iwerall stoen bleiwen. Et gëtt also ganz kloer e Grond fir nach eng Kéier an dei Géigend ze goen!



Zu Wanaka, engem klengen Stiedchen um Lake Wanaka war et ganz gemitterlech. D'Leit sinn op d'Touristen agestallt an esou bidden se engem Alles wat een nëmmen wëll: all Zort Wasseraktivitéiten, Wandertouren, Bungee jumping, VTT, Helikopterflig iwert d'Bierger oder d'Fiordland, an, an, an...

Ech hat decideiert op den Roys Peak (1578m) ze klammen.
Vun ënnen hun ech zwar gesinn wou ech uewen mist ukommen, den genauen Wee war (Gott sei Dank) net ze gesinn, sos wär ech vläit nie lassgang. Den Informatiounen vum DOC (Department of Conservation) no brauch een fir dei 16 Kilometer aller-retour ongefeier 6 Stonnen. Ech sinn also ganz optimistesch, mat engem rucksack voller Wasser an engem Picnic lassgang.

De Viirdeel vum Wee ass, dass d'Vue vum éischten bis de läschten Meter einfach nëmmen herrlech ass! Dëst ass natirlech nëmmen de Fall wann gut Wieder ass an dat war et (yupiiii mol eng Kéier keen Reen) 
d'Vue no knapp 200 Meter.

Den Nodeel vum Wee ass, dass et ganz stramm biergop geet! Dëst ass net den éischten Bierg wou mer opgefall ass, dass d'Neuseelänner Frënn vum direkten Wee sinn. Am Zickzack wär de Wee zwar sëcher mei lang, dofir awer och e bessi manner gei gewiecht.
Ech kruut natirlech ënnerwee d'Flemm an hu mech alt nees eng Kéier gefroot firwat ech esou Topeschkeeten iwerhaapt machen. Opginn hun ech natirlech net! Ech ginn jo net iwert 1 Stonn de biergop fir dann emzedréinen ouni uewen ukomm ze sinn! D'Vue war awer ëmmer nees eosu schéin, dass ech mer soot, dass et nëmme kann besser ginn!



Wei ech no enger gudder Paus nees e bessi besser drop war, koum mer eng Fra mat hierem Meedchen entgéint. Sie waren kuerz viru mir lass gang. Ech hu mech immens gewonnert, dass sie schon um Wee no ënne waren well ech der Meenung war se wären net wierklech vill mei schnell wei ech ënnerwee gewiecht. Mengen Berechnungen no war ech dee Moment nach gut 30 Minuten vun der Spëtzt fort. 10 Minute mei spéit wousst ech dun och firwat sie schon nees um Wee no ënnen waren: se waren guer net bis ganz uewen op de Bierg!!!! Eier een op dat läscht richtegt geit Steck kënnt fir bei d'Spëtzt, kënnt een op e Plateau vun deem aus een och eng herrlech Vue huet. Hei ass och e klengen Hiwel op deem jidereen, ausser ech, eng Foto mecht an dann behaapt en wär ganz uewen gewiecht! Dëst ass mer mei spéit opgefall wei ech e Video gesinn hun wou een sëch filmt wei en "uewen" um Roys Peak ukënnt...nëmmen dass dat net ganz uewen ass!

Net Roys Peak! Mee d'Vue ass awer ganz schéin!


Ganz uewen ukomm, gouf ech baal vum Wand emgebloosen. d'Vue war impressionant an ech war richteg frou, dass ech bis ganz erop gang sinn!




Vu ganz uewen huet de Wee och guer net gei ausgesinn:


Ween awer elo mengt, dass de Wee eroof mer besser gefall huet, deen iert sëch. Um Wee eroof hun ech mer gewënscht ech kéint nees biergop goen. 8 Kilometer biergoof ginn ganz ellen an d'Kneien.

An de Pilz?

De Pilz war natirlech och mat op de Roys Peak. Hien hat et schwéier fir den Bier erop ze kommen, well seng Been esou kleng sinn. Mee en huet net alt ze vill gejeimert an ass brav geklotert.




Ennerwee sinn mer Schoof begeint, dei wollt de Pilz eigentlech vu mei no gesinn, mee wei hien mei no bei se gang ass, sinn se fortgelaaf.

Fir de Bierg nees eroof ze kommen, war de Pilz mei séier wei ech. Hien ass einfach eroof gerullt an ech hun em misten nolaafen fir en net ze verléieren!


Comments

Popular posts from this blog

Neuseeland ABC

Tongariro the 2nd

Wat gëtt et neits?