South island: from Picton to Franz Josef

No engem ganz kuerzen Stopp zu Wellington sinn ech mat der Fär op d'Südinsel gefuer.


Et dauert 3 Stonnen fir vun Wellington op Picton ze kommen. Am beschten ass et wann een eng Fär am dag hëllt, dann huet een och eng schéin Vue!




Am Nordwesten vun der Südinsel huet mech net wierklech iwerzeecht. Ech sinn haaptsächlech iwwert Stroosen voller Kéieren gefuer wat no enger gewësser Zäit immens ermiddend ass. Ech war dann och all Kéiers frou wann ech no enger Eiwegkeet mol nees e bessi Mier gesinn hun. D'Wieder war och net ëmmer op menger Säit, wat d'Sach net onbendengt besser gemach huet.

Ech war dofir frou wei ech bei den Pancake Rocks ukoum. Ech wousst dass ech durno an d'Geigend vun heigen Bierger géif kommen an dorop hun ech mech immens gefreet. D'Pancake Rocks selwer waren awer och schonn ganz flott an intressant. D'Wasser huet iwwert Joren de Fiels esou geformt, dass et ausgesäit wei wann lauter Pangescher openeen géifen leien, dohir den Numm.




Op mengem Wee Richtung Franz Josef hat ech leider mam Wieder keng Chance. Et hat alles tip top ugefang mat Sonn a bloem Himmel:


Waat ech awer mei no bei all dei 3000er komm sinn, waat et nees mei gro an naas ginn ass. Ech hun mer d'Bierger also misten selwer hannert de Woleken denken.



Am spéiden Nomëtten, wei ech d'Sach schon baal opginn hat ass d'Wieder dun nees besser ginn an et war souguer esou gut, dass ech konnt bis bei den Franz Josef Gletscher trëppelen! Et war einfach super d'Enn vum Gletscher vun eosu no ze gesinn. Ech wär gär nach mei no gangen, mee dat war a) verbueden an b) wierklech gefeierlech. Trotzdem war et super a meng Flemm weint dem schlechte Wieder war och direkt fort. 

Och de Wee bis bei de Gletscher war flott an d'Vue war schéin! Um Wee luchen och e puer Wasserfäll. E puer ganz couragéiert Leit hun hir Féiss an d'Wasser gezappt. Mir war dat awer ze kaal.






Den Dag drop war dat gutt Wieder awer nees verschwonn an et huet nëmme gereent. Als Verglach: eng Foto beim Fox Gletscher am Reen an di selwecht Platz 24 Stonnen mei spéit



Dës Foto weist dann och op eng impressionant Art a Weis, dass d'Glätscher ëmmer mei séier schmelsen. Knapp 500m virun dësem Scheld, wou drop steht dass 1935 de Gletscher nach bis dohin gang ass, steht en anert Scheld wou drop steht dass den Gletscher 1750 nach bis dohin gang ass. An 185 Joer ass en also "nëmmen" em 500m zereck gang. Vum Scheld vun 1935 bis bei de Gletscher sinn et nach ongefeier 2,5km! An de läschten 83 Joer ass de Gletscher also vill mei schnell geschmollt! 
Ech war awer och beim Fox Gletscher wei d'Sonn nees dobaussen war:



Well ech aus verschiddenen Grënn net konnt op de Gletscher hiken, hun ech decideiert mam Helikopter erop ze fleien. Dat war super an esou eng Vue hätt ech niemols um Hike gehat. Dat heescht awer net dass ech den Hike net nach am Freijoer nohuelen!




















Comments

Popular posts from this blog

Neuseeland ABC

Tongariro the 2nd

Wat gëtt et neits?