Posts

Neuseeland ABC

Image
Am ABC probéieren ech vun deenen Sachen ze schwätzen déi anescht sinn wei doheem, déi et doheem guer net gëtt oder déi hei anescht heeschen. A wéi... Alkohol : Den Dronkaard an mir ass ëmmer nees verwonnert iwert d'Regelen dei et hei gëtt wann et em Alkohol geht. Am supermarché kann nëmmen eng Persoun den Accord ginn fir den Alkohol ze verkaafen. Den Caisier dreckt dofir op eng Schell, dann kënnt eng Persoun a kuckt op ech a) aal genuch sinn an b) den Alkohol net fir eng Persoun ënnert 18 Joer kaafen. Fir mech heescht dat, dass ech all Kéiers mäin pass muss weisen (meng Carte d'identité gëtt net acceptéiert) well ech ausgesinn wei wann ech manner wei 24 Joer hun. D'Regel seet dass all Persoun dei ausgesäit wei wann se manner wei 24 Joer huet muss eng valabel Pièce d'identité weisen fir den Alkohol kënnen ze kaafen. Eng Ausnahm machen se net! Hätt ech Kanner, mist ech se am Auto loosen wann ech Alkohol kaafen. Firwat? Wann een Kanner bei sëch huet, besonne...

Tongariro the 2nd

Image
Am Abrëll 2018 sinn ech den Tongariro Northern Circuit getrëppelt, deemols sinn ech een Deel duerch eng Wollek gang an hat keng schein Vue. Fir dei wou sëch net mei erënneren, dëst war meng Vue: Am Juni hat ech d'Geleenheet genau deen Deel vum Northern Circuit nach eng Kéier ze trëppelen an dës Kéier huet d'Wieder matgespillt an d'Vue war wonnerschéin!!!! Ech war immens erstaunt wei ech gesinn hun, dass de Mt Ngauruhoe direkt niervt dem Wee ass. Wei ech am Abrëll do war hun ech näischt dovun gesinn. Dofir hei d'Fotoen bei guddem Wieder:

Wat gëtt et neits?

Image
Ech sinn elo zanter e bessi mei wei 7 Méint hei an Neiséiland! Dass ech en tour ronderem d'Südinsel gemach hun an mech do richteg gut amèséiert hun wëss der jo, mee wat ass durno geschitt? Schon während mengem Tour hat ech en Interview mat der Auckland Grammar School! Well dat mäin éischten richtegen Interview fir eng Platz war, war ech immens nervös an iwerzeecht dass dei Sach total an d'Box gang ass. Dat war awer net esou! En dag no mengem Interview hun se mer ugeruff fir mer eng Platz unzebidden an ech war mei wei frou fir se unzehuelen!!! Ech hat och nach Demanden un aner Schoulen gescheckt, mee Auckland Grammar huet mech vun ufank un faszineiert. Ech wousst dass et eng ganz dichteg Schoul ass, dei jidereen an Neiséiland kennt! (Dat ass keen Witz! Egal wou ech sinn an erzielen dass ech do Proff sinn kënnt als Äntwert: Oh! oder Wow! an durno kreien ech erzielt ween d'Leit kennen deen do an d'Schoul gang ass). En plus ass et eng reng Jongeschoul an dat huet mec...

Long time no hear

Emmer nees gouf ech gefroot op ech mam Blog opgehaal hätt, well ech zanter Enn Abrëll näischt mei gepost hun. D'Äntwert ass ganz einfach: nee ech hun net opgehaal, mee ech war e bessi liddereg ginn. Ech hun den 30. Abrëll an der Auckland Grammar School ugefang mat schaffen an sinn zanterhir gut beschäftegt! Ech wärt an den nächsten Deeg en mei detaileierten Post online setzen an dem ech Iech iwert Auckland Grammar erzielen. Mee esouvill sief alt schons gesoot: et gefällt mer esou gut, dass ech mäin Openthalt hei an Néiseiland verlängeren! 

South island: from Christchurch to Wellington

Image
De läschten Deel vu menger Rees huet mech vun Christchurch op Wellington gefouert. Um Wee dohin sinn ech nach zu Kaikoura an zu Blenheim stoen bliwen. Kaikoura ass e klengt roueg Dierfchen direkt um Mier. Wat mir immens gut gefall huet ass, dass een souwuel d'Bierger (souguer mat e bessi Schnéi) gesäit an d'Mier. Zu Kaikoura kann een och mam Schëff op d'Mier eraus fueren fir Delphiner an Waler ze gesinn. Ech hun dëst awer net gemach well et immens deier war. En plus ass d'Chance fir e Wal ze gesinn am Abrëll éischter kleng an Delphiner hat ech jo schons zu Milford Sound gesinn. Dëst heescht awer net, dass ech keng Déieren gesinn hun. Zu Kaikoura leien d'Séileiwen nämlech iwerall!!!! Ech hat dat zwar a mengem Guide gelies, hat et awer net gegleeft. Wei ech moies gemitterlech lanscht d'Wasser getrëppelt sinn, hun ech dunn awer gemierkt, dass et tatsächlech wouer ass. Maten um Trëppelwee luch en stenkegen an richteg decken Séileiw ze schloofen. Ech ...

South island: from Dunedin to Christchurch

Image
Vun Dunedin op Christchurch gouf et vill ze kucken an ech sinn oft stoen bliwen well ech emmer nees impressioneiert war vun der Plage an dem wëllen Mier. Ech kéint Stonnen op enger Plage setzen an de Wellen nokucken. Op mengem Wee sinn ech och zu Moreaki stoen bliwen. Hei leien op der Plage deck Ronn Kugelen dei "Boulders" genannt ginn. Et geht een dovun aus, dass dës Kugelen virun ongefeier 4 Milliounen Joeren entstaan sinn. Analysen hu gewissen dass d'Kugelen aus Lehm a Bulli bestinn dei duerch Kalzit zementeiert sinn. Wei ech um Wee fir bei d'Boulders war koumen mer lauter Leit mat naasen Boxen entgeint an ech hu mech gewonnert wei se dat gemach hun. Op der Plage hun ech dun séier eng Äntwert kritt: bei Flut kënnt d'Wasser bis bei de Fiels. Wann een also net oppasst gëtt een ganz séier vun enger Well erwëscht. Mat e bessi Gescheck packt een et awer och drëchen ze bleiwen! Dem Pilz hun d'Boulders och gut gefall well een kann dro...